News
Samschdes, de 6. Januar 2018 ab 14:00 Auer zu Mäerzeg
Fc Minerva Lintgen, Fc 47 Bastendorf, Etzella Ettelbruck, Fc Atert Bissen, SC ELL, Sporting Mertzig, FCAS Hosingen







Eis Veteranen hun e Samschden zu Mäerzeg um Tournoi FUTSAL deelgeholl! Mat derbei waren den Fc Sporting Mäerzeg, den Fc Minerva Lëntgen, den Fc 47 Bastenduerf, den Fc Etzella Ettelbréck, den Fc Atert Bissen an den FCAS Housen! Hei sin d'Resultater an der Iwwersiicht:
SC ELL 2-0 Fc Minerva Lëntgen
SC ELL 2-1 Fc 47 Bastenduerf
SC ELL 1-2 Fc Etzella Ettelbréck
SC ELL 2-0 Fc Atert Bissen
SC ELL 4-0 Fc Sporting Mäerzeg
SC ELL 0-0 FCAS Housen
Tabell:
1. FCAS Housen
2. SC ELL
3. Fc Etzella Ettelbréck
4. Fc 47 Bastenduerf
5. Fc Minerva Lëntgen
6. Fc Atert Bissen
7. Fc Sporting Mäerzeg
Sonndes, de 7. Januar 2018 ab 15:30 Auer zu Housen
Ent. Hosingen, Ent. Aspelt, SC Bettembourg, SV Honsfeld, AS Wëntger, SC ELL, AS Housen Steam-Team






Eis Meedercher gin Tabellenleschten um FUTSAL Tournoi zu Housen! Den SC ELL as hei géint d'Equipen Entente Housen, Entente Uespelt, Sporting Club Beetebuerg, SV Honsfeld, As Wëntger an FCAS Housen Steam-Team ugetrueden! Hei sin d'Resultater an der Iwwersiicht:
SC ELL 1-1 As Wëntger
Isabelle Kruchten
SC ELL 3-2 FCAS Housen Steam-Team
Isabelle Kruchten (3x)
SC ELL 0-2 Entente Housen
SC ELL 0-2 SV Honsfeld
SC ELL 0-1 Entente Uespelt
SC ELL 1-3 Sporting Club Beetebuerg
Océane Bastin
Tabell:
1. Sporting Club Beetebuerg
2. Entente Uespelt/Réimech-Bous
3. SV Honsfeld
4. FCAS Housen Steam-Team
5. Entente Housen
6. As Wëntger
7. SC ELL
Sonndes, de 7. Januar 2018 vun 12:30 – 15:30 Auer zu Housen
Ent. Hosingen I, Ent. Hosingen II, Progrès Niederkorn, Ent. Differdange, SC ELL, SV Honsfeld





Eis Jeunes Filles gewannen de FUTSAL-Tournoi zu Housen! Souwuel géint Housen I an II, wéi och géint Honsfeld, Déifferdéng an Nidderkuer hun eis Meedercher gewonn an schléissen den Tournoi als verdingten Tabellenéischten of. Hei sin d'Resultater an der Iwwersiicht:
SC ELL 3-2 SV Honsfeld
SC ELL 3-2 Ent. Déifferdéng
SC ELL 4-0 Entente Housen II
SC ELL 7-0 Progrès Nidderkuer
SC ELL 1-0 Entente Housen
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
Andreia Faria Dos Santos (5x)
Vania Nogueira (4x)
Valentina Delhaye (4x)
Lucie Malvaux (3x)
Tatiana Araujo (1x)
Jenna Djarmouni (1x)
Tabell:
1. SC ELL
2. Ent. Déifferdéng
3. SV Honsfeld
4. Entente Housen I
5. Progrès Nidderkuer
6. Entente Housen II
Samschdes, de 6. Januar 2018 vun 18:15 – 20:00 Auer zu Mënsbech
Ent. Wormeldange, AS Wincrange, SC ELL, FC Itzig, Fc Alisontia Steesel





E Freiden den Owend hun eis Jeunes Filles zu Mënsbech bei engem FUTSAL-Tournoi matgespillt! D'Equipen Entente Wuermer, As Wëntger, Fc Blo-Waiss Itzeg, Fc Alisontia Steesel an den SC ELL sin do openeen getraff! Hei sin d'Resultater an der Iwwersiicht:
SC ELL 1-0 Fc Blo-Waiss Itzeg
Marta Gomes
SC ELL 1-0 As Wëntger
Marta Gomes
SC ELL 1-0 Fc Alisontia Steesel
Zoé Ribeiro
SC ELL 1-1 Entente Wuermer
Marta Gomes
Tabell:
1. SC ELL
2. Fc Blo-Waiss Itzeg
3. As Wëntger
4. Entente Wuermer
5. Fc Alisontia Steesel
Sonndes, de 7. Januar 2018 vun 14:00 – 19:00 Auer am Préizerdaul
FC Pratz./Redange, FC Useldange, FC Beckerich, US Folschette, SC ELL, FC Grevels






Haut um Sonnden hun eis Männer bei engem Frëndschaftstournoi am Préizerdall an der Haal matgespillt! Mir hu géint d'Equipen Fc Préizerdall/Réiden, Fc Jeunesse Useldéng, Fc Biekerech, Us Folscht an Fc Gréiwels gespillt! Den Fc Jeunesse Useldéng gewënnt den Tournoi an eis Männer gin Tabellenzweeten mat engem Goolverhältnis vun 25-8! Hei sin d'Resultater an der Iwwersiicht:
Fc Biekerech 4-1 SC ELL
SC ELL 1-1 Fc Jeunesse Useldéng
SC ELL 9-2 Fc Gréiwels
SC ELL 9-1 Us Folscht
Fc Préizerdall/Réiden 0-5 SC ELL
Eis Männer kënnen 3 Matcher gewannen, spillen 1x glaich an verléieren just géint den Fc Biekerech!
Sonndes, de 7. Januar 2018 vun 14:00 - 17:45 Auer zu Veianen




Aweiung vum neien Sportskomplex vum Eller Fussball
De 17. Oktober 2017 sinn zu Ell die nei Vestiairen/Douchen souwéi de Versammlungssall vum Eller Fussball offiziell ageweit ginn. De Grondsteen fir dëse neie Komplex gouf de 26. November 2016 geluecht.
An enger Rekordzäit vun 11 Méint kount d’Gebai mat vill Engagement vun alle Säiten realiséiert ginn. Fir den Eller Fussball war et eng ganz grouss Satisfaktioun ze gesinn, dass en excellente Projet a kuerzer Zäit kount färdig gestallt ginn an dat mat der exemplarischer Hëllef vun enger dynamischer Equipe, sief et der Eller Gemeng, den Entreprisen, dem Service Technique an der gesamter Botzequipe.
Dëse Projet erlabt et dem Eller Fussball senge fussballerrischen- a sportlichen Aktivitéiten mat ville Facilitéiten no ze kommen.
Den Dag vun der Aweiung waren de Rob. Thillens als Vertrieder vum Sportsminister Romain Schneider, den Dr. Henri Mausen als Vertrieder vum Paul Philipp Präsident vun der FLF, de René Kremer (FLF) an den Erny Decker (FLF), den Député-Maire Aly Kaes, de Jos Thill Buergermeeschter an eng Delegatioun vum Schäffen- an Gemengerot vun der Eller Gemeng präsent fir dat schéint Gebai anzeweien.
Den “Tour de Visite des lieux” hunn de Jos Thill an de Christian Hahn mat den d’Inviteen duerch die nei Infrastukturen gemeet.
No deenen offizielle Rieden huet die Eller Gemeng op den Eirepatt invitéiert.
Ab 19:00 Auer ass dunn de Lännermatch vun der Lëtzebuerger Nationalequipe U19 géint hir Alterskollegen aus dem Montenegro ugepaff ginn an dat viru ronn 400 Leit. Leider huet Lëtzebuerg de Match mat 2 : 4 verluer !
Den Eller Fussball wëllt all de concernéierten Entreprisen, dem Architekt, der Gemeng Ell mat hirem Service Technique a Botzequipe, dem Ministère des Sports, der FLF, deenen zwou Fussballsequipen deenen 3 Arbiteren an alle Supporter e grousse Merci aussspriechen.
E ganz grousse Moment fir den Eller Fussball, deen nach laang Zäit a gudder Erënnerung bleiwe soll. (cg)
Den SC ELL seet iech alleguer villmools merci fir d'Ennerstëtzung am Joër 2017! Bleiwt gesond an maacht genau sou weider! Bis geschwënn :-)

