News

28/04/2014 - 23. Championnatsmatch - Seniors I

 SC ELL     -     FC Brouch           7 - 0

       

Eis 1. Equipe gewënnt däitlech mat 7-0 géint Brouch an hëllt nees wichteg Punkten am Obstiegskampf. Eis Jongen hunn direkt gudd ugefaang an haaten puer gudd Goalchancen, déi mir awer nët konnten notzen. Duerno ass Brouch och besser an d'Spill komm an haat och zwou gudd Goalchancen. An der 38. Spillminutt konnten mir awer a Féierung goën. No enger gudde Kombinatioun huet de Paul Wilwerding zum 1-0 erangeschoss. Kuerz drop haat Brouch den 1-1 do leien mee eis Goalkeep, de Pol May huet mat enger Glanzparad den Ausgläich verhënnert. An der 44. Spillminutt konnte mir den 2-0 schéissen. Den Ben Schaaf ass no gaang an huet vun engem Ofstëmmungsfeeler an der Bricher Verteidigung profitéiert a huet de Ball erangeschoss.

Mam éischten Ugrëff no der Paus ass och direkt d'Entscheedung gefal. De Paul Wilwerding käppt zum 3-0 eran. Duerno war d'Moral vun Brouch gebrach an mir haaten einfacht Spill. Weider Goaler vum Thierry Kemmer, Guillaume Lecomte, Paul Wilwerding an Johan Reiser hunn d'Resultat op 7-0 wuesen gelos. Brouch haat nach vereenzelt Aktiounen, mee sie konnten eise Goalkeep einfach nët iwerwannen. Ell gewënnt verdingt, weider sou!!!

D'Goaler fir Ell hu geschoss:

3x Paul Wilwerding

1x Ben Schaaf

1x Guillaume Lecomte

1x Thierry Kemmer

1x Johan Reiser

27/04/2014 - 15. Championnatsmatch - Dames I

 FC Mamer     -     SC ELL          0 - 2

     

An enger Woch zweemol op Mamer an zweemol gewonn. Respekt! Nodeems eis Dames I schon an der Véirelfinal vun der Coupe géint Mamer gewonn hunn, war ët déi Kéier eng 2-0 Victoire am Championnat. Eis Dammen hunn de Match awer ganz schlecht ugefaang a Mamer haat schon no 8 Minutten ee Potoschoss. Duerno sinn d'Meedercher erwäscht an de Match war ausgeglach. Ee Goal vum Logane Wegnez gouf eis oferkannt vum Arbitter. D'Logane ass bei engem wäite Ball no gaang an de Goalkeep konnt de Ball um 11m Punkt nët festhaalen an d'Logane huet sech de Ball erkämpft an de Zweekampf mam Goalkeep gewonn an de Ball rangeschoss. Den Arbitter huet awer ee Feeler vum Logane um Goalkeep gesinn an soumat de Goal annuléiert. Weider war de Match och relativ ausgeglach bis déi lescht 10 Minutten vun der 1. Halschent. Tëschent der 35. an der 45. Minutt ware mir total vum Rouleau an Mamer huet dräi 100% Goalchancen nët genotzt. Eise Goalkeep, d'Tania Kartheiser, huet super matgespillt an och mat enger super Parad de Goal proper gehal. Bei deenen aner zwou Chancen haate mir vill Chance, dass Mamer dëss nët genotzt huet.

An der 2. Halschent waren eis Meedercher direkt vill méi präsent an hunn lues awer sëcher ëmmer besser no vir agéiert. Bei der éischter gudder Chance ass d'Jill de Bruyn säitlech alleng op de Goal gezunn an huet sëch fir d'Passe-en-retrait entscheed am Plaz selwer ze schéissen. Duerno war och d'Emma Thill nët egoistisch genuch an huet de Ball nach eemol un d'Logane weider gespillt, daat awer leider am Abseits stung. An der 79. Spillminutt huet eise Capitain ët awer besser gemeet. No sengen 2 Goaler an Coupe zu Mamer huet d'Patrice Braun och déi Kéier den Duell mam Goalkeep gewonn an den 1-0 fir Ell geschoss. An der 92. Minutt ass dunn dem Logane Wegnez säin Asaatz belount ginn an hatt schéisst zum 2-0 eran. Vill Chance haate mir dëse Match wou een awer muss soën, dass eis 2. Halschent ganz an der Rei war an Mamer nët méi vill gudd Bäll haat. Dëss 3 Punkten war immens wichteg géint eng gudd Equipe vu Mamer an dobäi kënnt, dass Niederkuer mat 4-2 géint Jonglënster gewonn huet. Elo stinn eis Meedercher weiderhinn op der 1. Plaz mat 4 Punkten Virsprong op Niederkuer an Jonglënster. Bravo!!!

D'Goaler fir Ell hu geschoss:

1x Patrice Braun

1x Logane Wegnez

27/04/2014 - 12. Championnatsmatch - Dames II

E Hosingen/Norden     -     SC ELL          4 - 0

                     

Eis Dames 2 verléieren mat 4-0 zu Housen. Eis Meedercher hunn ee gudde Match gemeet a gudd géint Housen dergéint gehal. An der Halschent luchen mir 1-0 hannen, haaten awer och puer gudd Goalchancen. An der 2. Halschent huet Housen op 2-0 erhéicht. Mir hätten kéinten bäikommen per Elëfmeter, mee mir konnten dëss Chance nët notzen, den Elëfter ass wiedert d'Lat gaang. Weider hunn mir gudd matgespillt a gekämpft. Zum Schluss huet villäischt bessi d'Kraft gefeelt an Housen konnt an de leschte 5 Minutten nach 2 Goaler schéissen. D'Resultat ass sëcherlich ze héich ausgefal fir de gudde Match deen eis Dames II gespillt huet.

26/04/2014 - Championnat Jeunes Filles

D'Jeunes Filles I gewannen och hiren 5. Championnatsmatch mat 4-2 géint d'Entente Vianden/Diekirch a bleiwen weiderhinn ongeschlo.

E Vianden/Diekirch    -    E Atertdaul I          2 - 4

                         

D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:

2x Mara Ventura, 1x Virginie Godefroid, 1x Nora Karger

E Hosingen     -     E Atertdaul II          2 - 0

              

26/04/2014 - 19. Championnatsmatch - Seniors Réserves

FC Pratz./Redange     -     SC ELL          4 - 2

                        

Eis 2. Equipe verléiert den Derby mat 4-2 a bleiwt soumat zweetleschten an der Tabell. An engem rouege Match war ët och den FC Pratz./Réiden déi méi vum Match haaten. Sie hunn dominéiert an dëst och an Goaler ëmgesaat. An der Halschent luchen sie mat 3-0 vir. Den Uschlosstreffer zum 3-1 sollt nach eemol bessi Hoffnung bréngen mee den FC P/R huet mam 4-1 nees alles kloer gemeet. Mir konnten nach den 4-2 schéissen mee duerno ass weider näischt méi geschitt. Et bleiwen nach 5 Matcher ze spillen wou mir géint direkt Kontrahenten spillen, do heescht ët alles ginn, ët ass nach alles dran.

D'Goaler fir Ell hu geschoss:

1x Johan Reiser

1x Jeff Schlink

25/04/2014 - 22. Championnatsmatch - Seniors I

  SC ELL     -     AS Hosingen          1 - 3

            

Eis 1. Equipe verléiert mat 3-1 géint Housen. Bedingt duerch Sperren a Verletzungen war d'Equipe sëcherlich bessi geschwächt an konnt déi gudd Leeschtungen vun de leschter Matcher nëmmen phasenweis ëmsetzen. An der Halschent luch Housen mat 2-0 vir. An der 2. Halschent huet eis Equipe bessi méi offensiv agéiert an war sou och besser am Match. Leider kruten mir den 3-0 geschoss an soumat waren d'Hoffnungen kleng nach Punkten ze huelen. Mat engem schéinen Wäitschoss konnt de Johan Reiser den 1-3 schéissen. Duerno hunn eis Jongen nacheemol alles ginn a konnten sech nach puer Goalchancen erausspillen, mee um Resultat soll näischt méi änneren. Elo heescht ët géint Brouch onbedingt ze punkten!

De Goal fir Ell huet geschoss:

1x Johan Reiser

Dernier match

Prochain match


DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, de 15. August 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Bitburg (D)

     


DAMES II

Frëndschaftsmatch

Donneschdes, den 20. August 2020 um 19:30 Auer zu ELL

   SC ELL   -   FC Atert Bissen

        


SENIORS I

Frëndschaftsmatch (Kiermes)

Sonndes, den 23. August 2020 um 15:30 Auer zu ELL

   SC ELL     -     FC Koerich

        


DAMES I

Frëndschaftsmatch (Kiermes)

Sonndes, den 23. August 2020 um 17:30 Auer zu ELL

   SC ELL   -   RUS Loyers (B)

       


DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, den 29. August 2020 um 18:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   Fc Sporting Bertrange

            


SENIORS I

1. Championnatsmatch

Sonndes, den 30. August 2020 um 16:00 Auer zu Biekerech (Stade Maemerich)

Fc Beckerich   -   SC ELL

       


SENIORS I

2. Championnatsmatch

Sonndes, de 6. September 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Pratzerthal-Redange

            


DAMES I

1. Championnatsmatch

Samschdes, den 12. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL    -    Fc Mamer 32

      


DAMES II

1. Championnatsmatch

Samschdes, den 12. September 2020 um 19:00 Auer zu Dikrech (Parc des Sports, synth.)

YB Diekirch II   -   SC ELL

       


SENIORS I

3. Championnatsmatch

Sonndes, den 13. September 2020 um 16:00 Auer zu Eschduerf (Stade um Quatre-Vents)

Racing Heid.-Eschdorf  -  SC ELL

                       


DAMES I

2. Championnatsmatch

Samschdes, den 19. September 2020 um 19:00 Auer zu Wuermer (Am Ga, synth.)

Ent. Wormeldange   -   SC ELL

                


DAMES II

2. Championnatsmatch

Samschdes, den 19. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL  -  Red Star Merl-Belair

      


SENIORS I

4. Championnatsmatch

Sonndes, den 20. September 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  US Rambrouch

      


DAMES I

3. Championnatsmatch

Samschdes, de 26. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL   -   Ent. Rosport/USBC I

           


DAMES II

3. Championnatsmatch

Samschdes, de 26. September 2020 um 19:00 Auer zu Bissen (ZAC Klengbousbierg 2, synth.)

Fc Atert Bissen  -  SC ELL

          


SENIORS I

5. Championnatsmatch

Sonndes, de 27. September 2020 um 16:00 Auer zu Colmer-Bierg (Stade Grand Duc Henri)

AS Colmar-Berg  -  SC ELL

           


DAMES I

4. Championnatsmatch

Samschdes, den 3. Oktober 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Boy Konen)

Ent. Itzig/CeBra I  -  SC ELL

           


DAMES II

4. Championnatsmatch

Samschdes, den 3. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Ent. USBC/Rosport II

        


SENIORS I

6. Championnatsmatch

Sonndes, de 4. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   US Reisdorf

      


SENIORS I

7. Championnatsmatch

Sonndes, den 11. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu Wëntger (Stade Henri Lamborelle)

AS Wincrange  -  SC ELL

       


DAMES I

5. Championnatsmatch

Mëttwochs, de 14. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL    -    Sporting Bertrange

            


DAMES II

5. Championnatsmatch

Mëttwochs, de 14. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu Rëmeléng (synth.)

US Rumelange  -  SC ELL

      


DAMES I

6. Championnatsmatch

Samschdes, de 17. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu Nidderkuer (Terrain 2, synth.)

Progrès Niederkorn  -  SC ELL

                   


DAMES II

6. Championnatsmatch

Samschdes, de 17. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Sporting Mertzig

        


DAMES I

7. Championnatsmatch

Samschdes, de 24. Oktober 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Camille Polfer)

RFCU Luxembourg  -  SC ELL

                  


DAMES II

7. Championnatsmatch

Samschdes, de 24. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Wiltz 71

   


SENIORS I

8. Championnatsmatch

Sonndes, de 25. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Orania Vianden

     


DAMES I

8. Championnatsmatch

Freides, den 30. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   Fc Swift Hesperange

           


SENIORS I

9. Championnatsmatch

Samschdes, den 31. Oktober 2020 um 18:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Jeunesse Gilsdorf

          


DAMES I

9. Championnatsmatch

Samschdes, de 7. November 2020 um 19:00 Auer zu Betebuerg (Stade Municipal, synth.)

SC Bettembourg   -   SC ELL

             


DAMES II

8. Championnatsmatch

Samschdes, de 7. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  CS Fola Esch II

    


SENIORS I

10. Championnatsmatch

Sonndes, den 8. November 2020 um 16:00 Auer zu Pärel (Terrain Centre Culturel)

Les Ardoisiers Perlé  -  SC ELL

                   


DAMES I

10. Championnatsmatch

Samschdes, de 14. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    CS Fola Esch I

       


DAMES II

9. Championnatsmatch

Samschdes, de 14. November 2020 um 16:30 Auer zu ELL

   SC ELL    -    YB Diekirch II

     


SENIORS I

11. Championnatsmatch

Sonndes, de 15. November 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   US Folschette

      


DAMES I

11. Championnatsmatch

Samschdes, den 21. November 2020 um 19:00 Auer zu Dikrech (Parc des Sports, synth.)

YB Diekirch I   -   SC ELL

      


DAMES II

10. Championnatsmatch

Samschdes, den 21. November 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Josy Barthel II, synth.)

Red Star Merl-Belair  -  SC ELL

                


SENIORS I

12. Championnatsmatch

Sonndes, den 22. November 2020 um 16:00 Auer zu Méchela (Terrain in der Ae)

CS Bourscheid  -  SC ELL

        


DAMES I

12. Championnatsmatch

Samschdes, den 28. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Jeunesse Junglinster

             


DAMES II

11. Championnatsmatch

Samschdes, den 28. November 2020 um 16:30 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Atert Bissen

        


SENIORS I

13. Championnatsmatch

Sonndes, den 29. November 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  GB Harlange-Tarchamps

           


DAMES I

13. Championnatsmatch

Samschdes, de 5. Dezember 2020 um 19:00 Auer zu Wëntger (Stade Henri Lamborelle)

AS Wincrange   -   SC ELL

        


DAMES II

12. Championnatsmatch

Samschdes, de 5. Dezember 2020 um 19:00 Auer zu Bäerdref (Terrain Maartbësch)

Ent. USBC/Rosport II  -  SC ELL

                  


Août 2020
DLMaMeJVS
1
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
3031

Voir le planning