News
SC ELL - AS Wincrange 3 - 0
![]()
Eis Dames I gewannen 3-0 géint AS Wëntger. Eis Meedercher hunn nervös an ängstlich gespillt bis sie konnten den 1-0 schéissen. Do virdrun war de Match awer nët ganz gudd. Mir hunn zevill Feelpäss gespillt a konnten kee richtegen Opbau dran kréien. Trotzdem konnte mir eis dräimol iwert d'Säit gudd duerchsetzen, mee hei hu mir all Kéier déi falsch Decisioun gehol oder d'Pass ass nët ukomm. Weider haate mir nach ee Kappball vum Adeline Janssens deen just lanscht de Goal gaang ass. Sou ass ët mat engem 0-0 an d'Paus gaang.
An der 2. Halschent waren déi Eller direkt méi präsent an ët huet nët laang gedauert bis d'Logane Wegnez den 1-0 konnt schéissen. No deësem Goal an der 53. Spillminutt war d'Erliechterung grouss, nët nëmmen bei de Spillerinnen mee och bei den Zuschauer. Duerno hunn eis Meedercher ugefaang besser de Ball laafen ze lossen. Spéitstens no der 62. Spillminutt war dunn all d'Lascht fort. No engem Corner konnt de Keeper vun Wëntger de Ball nët festhaalen an d'Isa Kruchten stung goldrichteg fir zum 2-0 eranzeschéissen. Nëmmen 5 Minutten duerno gouf d'Logane Wegnez am 16-Meter gefoult an d'Conny Kaufmann huet den fälligen Elëfter zum 3-0 erangeschoss. Déi lescht 20 Minutten ass de Ball gudd gelaf, mee mir konnten awer weider kee Goal méi schéissen. Eis Meedercher gewannen verdingt an hunn weiderhin 4 Punkten Virsprong op den Tabellenzweeten Niederkuer déi dann och den nächsten Géigener sinn. Ze soën bleiwt, dass 220 Zuschauer um Match gezielt goufen.
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
1x Logane Wegnez
1x Isa Kruchten
1x Conny Kaufmann
Article wort.lu Seniors - 24e journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
https://www.facebook.com/#!/groups/30655683675/?fref=ts
FC Mertzig - SC ELL 2 - 2

D'Goaler fir Ell hu geschoss:
1x Thierry Kemmer
1x Pol Smit
D'Jeunes Filles II vum Atertdaul gewannen mat 5-2 géint Déifferdeng. De Match vun de Jeunes Filles I war schons virverluecht ginn wéint de Kommiounen an do haaten eis JF1 4-0 géint AS Wëntger gewonn.
E Atertdaul II - FC Differdange 03 5 - 2
^
D'Goaler bei de Jeunes Filles hu geschoss:
4x Virginie Godefroid
1x Zoé Pearce
Resultater an Tabellen vun de Jeunes Filles fann Dir op folgendem Internet Site:
Kuckt hei bei der Kategorie Jeunes Filles:
JF Entente Atertdaul I - 2. Runde - Gruppe A
JF Entente Atertdaul II - 2. Runde - Gruppe B
SC ELL - FC Harel/Tarch. 3-0 ff.
![]()
Eis Dames 2 gewannen 3-0 forfait géint Harel/Tarchamps déi hier Dammenequipe an der Réckronn aus dem Championnat zerèckgezunn hunn.
SC ELL - US Boevange 1 - 4

Eis 2. Equipe verléiert och den Nohuelmatch mat 4-1 géint Béiwen. An engem relativ ausgeglachenen Match fällt d'Resultat sëcher bessi ze héich aus. Eis Jongen hunn sech gudd geschlo. Nodeems mir 1-0 hannen luchen konnten mir dirket no der Paus 1-1 augläichen. De Marc van Zee schéisst een Elëfter ran. D'Entscheedung ass eréicht an de leschten 20 Minutten gefall. Béiwen konnt mat 2-1 a Féierung goën. Déi lescht 10 Minutten hu mir, no enger Blessur vum Kim Müller, nach zu 10 gespillt a Béiwen konnt nach weider 2 Goaler schéissen. Ët bleiwen nach 4 Matcher ze spillen, also ass nach näischt decididéiert.
De Goal fir Ell huet geschoss:
1x Marc van Zee
Tabell:
3. Divisioun 1. Bezirk
Article wort.lu Seniors - 23e journée:
Paroles des techniciens:
http://www.wort.lu/fr/view/frank-lessure-un-double-sentiment-535f9d17e4b0c1eb30fa4da5
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
https://www.facebook.com/#!/groups/30655683675/?fref=ts


