News
SC ELL - FC Pratz./Redange 1 - 1

Am Derby trennen sech den SC ELL an den FC Préizerdaul/Réiden mat engem 1-1. Mat 200 Zuschauer war nees eng beandrockend Kuliss op engem rouege Fussballsmatch. Ell huet direkt besser an de Match fonnt an de Préizerdaul ënner Drock gesat, dëss konnten sech just mat laangen Bäll hëllefen. An der 27. Minutt huet de François Papier no enger schéiner Aktioun zum 1-0 fir Ell erangeschoss. Weider haate mir nach puer gudd Goalchancen, mee ët sollt beim 1-0 bleiwen. Kuerz virun der Paus war den FCPR mol eng Kéier bei eisem Goal an hei hu mir ee Feeler am 16-Meter un hirem Stiirmer gemeet. Sou konnt den FCPR nach virun der Paus zum 1-1 per Elëfmeter ausgläichen. An der 2. Halschent waren ët och déi Eller déi méi vum Match haaten, och wann den FCPR bessi méi oft no vir komm ass. Mir hunn eis gudd Goalchancen nët genotzt an schlussendlich blouw ët dunn beim 1-1.
De Goal fir Ell huet geschoss:
1x François Papier
D'Jeunes Filles I vum Atertdaul gewannen mat 14-1 géint d'Entente Wuermer. De Match vun de Jeunes Filles II géint Alisontia Steinsel ass verluecht op Dënschdes, den 20 Mee 2014.
E Atertdaul I - E Wormeldange 14 - 1

D'Goaler bei de Jeunes Filles hu geschoss:
3x Mara Ventura
3x Kate Thill
2x Nora Karger
2x Hanna Thill
2x Virginie Godefroid
1x Emma Schmit
1x Mara Boly
Resultater an Tabellen vun de Jeunes Filles fann Dir op folgendem Internet Site:
Kuckt hei bei der Kategorie Jeunes Filles:
JF Entente Atertdaul I - 2. Runde - Gruppe A
JF Entente Atertdaul II - 2. Runde - Gruppe B
Progrès Niederkorn - SC ELL 0 - 2

CHAMPION SAISON 2013/2014 SC ELL !!!
SensationELL, eis Dammen gewannen mat 2-0 zu Niederkuer a ginn lëtzbuerger Champion am Dammefussball. Virun ongeféier 150 Zuschauer (130 ELLer) konnten eis Meedercher sech duerchsetzen. Defensiv agestalt fir ee Punkt ze huelen hu mir schlussendlich de ganzen Asaatz gehol. Eis Meedercher hunn disziplinéiert gespillt an alles ginn fir de Punkt ze kréien. Mat eisem 12 Mann (Fra) am Réck, eise Supporter, hunn eis Dammen gekämpft bis zum Schluss. Déi éischt Halschent war rar un Chancen, ët waren virunallem Zweekämpf am Mëttelfeld. An der 25. Spillminutt sinn d'Andrea Machado (Niederkuer) an eise Kapitän d'Patrice Braun beim Kappball mat de Käpp aneneen geknuppt an de Patrice haat eng Platzwonn op der Stier. Mat engem Drockverband huet d'Patrice sech entscheed fir weiderzespillen, Respekt!!! An der 42. Minutt war konnten mir mat 1-0 a Féierung goën. No engem Corner vum Jill De Bruyn, leeft d'Logane Wegnez op den 1. Poto, gëtt de Ball vun engem Géigenspiller an den eegenen Goal deviéiert. D'Leit waren ausser sech, enorm déi Stëmmung nom Goal.
Déi 2. Halschent ass ugaang mat enger Reenschauer wou jiddfereen innerhalb vun 1 Minutt plätschnaas war, mee eis Supporter bréngt och sou eppes nët ass dem Konzept an sie hunn eis Dammen weiderhin bravourös ugefeiert. Niederkuer huet méi offensiv gespillt an konnt déi 2. Halschent och méi oft virun eisem Goal optauchen. Hei haten mir heinsdo bessi Chance, dass mir nach ee Fouss dertëschent kruten, hiren Ofschloss ze harmlos war an eise Keeper nees exzellent gehal huet. Waat de Match méi laang gedauert huet waat Niederkuer méi offensiv gemeet huet an sech eis puer Kontergeleenheeten gebueden hunn. An der 79. Spillminutt ass Stëmmung iwergekacht. No engem weideren Corner vum Jill De Bruyn huet d'Isabelle Kruchten zum 2-0 erangekäppt. Alles war moof an d'Sirenen, d'Lautsprecheren, d'Trommelen goufen richteg strapazéiert. All eis Supporter waren um sangen, um feieren,.....An de leschten 10 Minutten, haate mir nach eng gudd Goalchance duerch d'Sarah Cardinali, mee hatt verpasst de Goal ganz knapp. An dunn...dunn war ët riwer. Den Terrain ass gestiermt ginn vun de Supporter, iwerall war moofen Damp, einfach nëmmen SENSATIONELL (kuckt iech d'Biller hei un an och op den verschiddenen Internet-Siten).
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
1x Jill De Bruyn
1x Isa Kruchten
YB Dierkirch - SC ELL 4 - 0

Eis 2. Dammenequipe verléiert mat 4-0 zu Dikrech. Obschons eis Meedercher eng ganz gudd 1. Halschent gespillt hunn luchen sie mat 2-0 an der Paus hannen. Déi zweet 45 Minutten waren nët méi sou gudd an Dikrech konnt nach weider 2 Goaler schéissen. Dëst war de leschte Championnatsmatch vun eisen Dames II an sie klasséieren sech schlussendlich als 6. an der Tabell.
US Boevange - SC ELL 4 - 1
Eis 2. Equipe verléiert mat 4-1 géint Béiwen. Obschons eis Männer dëse Match vill besser matgespillt hunn wéi den Match virun 2 Wochen huet daat awer näischt um Endresultat geännert. Béiwen huet gläich zweemoal an der éischter Halschent getraf an mam séieren 3-0 an der 2. Halschent war de Match och entscheed. Den Éiregoal fir Ell huet de Pit Alff geschoss.
SC ELL - FC Gilsdorf 3 - 1

Eis 2. Equipe gewënnt de Championnatsmatch mat 3-1 géint Gilsdorf. De Match ass zu Gilsdorf gespillt ginn wëll io den Terrain zu Ell nei drainéiert gëtt. Trotz dem Heemvirdeel vun Gilsdorf wossten eis Jongen ze iwerzeegen an huelen 3 wichteg Punkten an haalen sou den Uschloss am Ofstiegskampf. D'Endresultat stung och schons an der Halschent fest.
D'Golaer fir Ell huet geschoss:
3x Fançois Papier
Article wort.lu Dames - 16e journée:
Paroles des techniciens:
Classement des buteueses:
Infos:
http://www.wort.lu/fr/view/foot-feminin-ca-va-bouger-au-fc-mamer-5363c9a7e4b0c042e914a310
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
https://www.facebook.com/#!/groups/30655683675/?fref=ts
