News

08/09/2014 - Frëndschaftsmatch - Dames I

SC ELL     -     Fola Esch          3 - 2

       

Eis Dames 1 gewannen de leschte Frëndschaftsmatch virum Championnat  mat 3-2 géint d'Fola Esch. Eis Meedercher hunn gudd ugefaang a konnten och schons no 3 Minutten duerch d'Jill De Bruyn mat 1-0 a Féierung goën. Weider hu mir de Ball gudd laafen gelos an eis Goalchancne erausgespillt. Lues awer secher ass d'Fola besser an de Match komm, respektiv mir hunn no gelos; zevill Fehlpassen hunn keen Opbau méi sougelos an sou konnt Fola besser matspillen ouni awer selwer Goalchancen ze hunn. An der 39. Minutt war dunn nees ee gudd gespillten Ugrëff wou d'Logane Wegnez super iwert d'Säit duerchgeet an d'Virginie Godefroid proper bedingt sou, dass hatt zum 2-0 eranschéisst. Virun der Paus ass nees d'Logane bei engem wäite Ball no gaang a schlussendlich luch de Ball beim Virginie daat zum 3-0 Halbzeitstand eranschéisst.

Déi 2. Halschent war bessi Middegkeet bei eisen Meedercher ze gesinn a mir hunn nët méi sou gudd gespillt. D'Fola koum zu Goalchancen a konnt no engem Ofwierfeeler op 1-3 verkierzen. Secherlich haate mir nach Offensivaktiounen, mee déi lescht Pass ass nët ukomm...Kuerz virun Schluss huet d'Fola nacheemol vun engem Ofstëmmungsproblem profitéiert an konnt zum 2-3 eranschéissen. Mir haaten nach déi eng oder aner Goalchance, mee ouni Erfollëg an sou ass de Match mat 3-2 gewonn ginn.

D'Goaler fir Ell hu geschoss:

2x Virginie Godefroid

1x Jill de Bruyn

08/09/2014 - Frëndschaftsmatch - Dames II

  SC ELL     -     FC Differdange 03          1 - 0

                

Eis 2. Dammenequipe gewënnt hiren Frëndschaftsmatch mat 1-0 géint Déifferdeng. Mir haaten nach weider Chancen, mee konnten déi nët notzen.

De Goal fir Ell huet geschoss:

1x Hannah Ritz

08/09/2014 - 1. Championnatsmatch - Seniors Réserves

SC ELL     -     CS Bourscheid 2 - 2

          

Eis 2. Equipe spillt 2-2 gläich am 1. Championnatsmatch géint Burschent. Eis Equipe huet gudd ugefaang a war déi besser Equipe déi 1. Halschent, allerdings huet ët bis zur 44. Minutt gedauert bis mir konnten mat 1-0 duerch den Christophe Zinelli a Féierung goën. Do virdrun haate mir awer och schon puer gudd Goalchancen. An der 2. Halschent ass de Match sou weider gaang wéi déi éischt 45 Minutten. No engem Corner konnten eis Jongen duerch ee Goal vum Dave De Bruyn op 2-0 erhéijen. Duerno sollt de Match awer nach dréinen. No enger giel-rouder Kaart fir den Tiago Marques huet Burschent nees un sech geglewt an sie konnten duerno per Elëfter op 2-1 verkierzen. Vun elo un war de Match nees op an bäid Equipen haaten Goalchancen. Mir hunn ët leider verpasst puer gudd Goalchancen ze notzen an sou kruten mir d'Quittung an der leschter Minutt. Burschent krut ee weideren Elëfter an och dësen konnten sie verwandelen. Kuerz drop huet den Arbitter ofgepaff.

D'Goaler fir Ell hu geschoss:

1x Christophe Zinelli

1x Dave De Bruyn

05/09/2014 - Trainingsprogramm Seniors: September-Oktober 2014
Trainingsprogramm Seniors: September-Oktober 2014

Hei an der Annexe fann Dir den Trainingsprogramm fir eis Seniors fir September-Oktober 2014.

05/09/2014 - Article wort.lu - Seniors
05/09/2014 - 1. Championnatsmatch - Seniors I

FC Pratz./Redange     -     SC ELL          1 - 1

                     

Am 1. Championnatsmatch vun der neier Saison koum ët direkt zum Derby teschent dem Préizerdaul-Réiden an Ell. De Match gouf virun villen Zuschauer gespillt an sou war och fir gudd Stëmmung gesuergt. Den FCPR haat no 3 Minutten direkt eng gudd Chance, mee no enger Passe-en-retrait huet de Stiermer lanscht de Goal geschoss. Daat war daat richteg Zeechen fir déi Eller direkt wakreg ze machen. Eis Equipe huet ëmmer besser an de Match fonnt war dunn och déi besser Equipe ouni awer vill Goalchancen konnten erauszespillen, ze oft war déi lescht Pass nach nët präzis genuch. No enger gudder Ugrëffaktioun iwert d'Säit konnt de Max Berg sech duerchsetzen an huet och am 16-Meter de Verteidiger iwerspillt den de Max takelt. Den Arbitter päift an fir jiddfereen war ët Elëfter, och fir den FCPR, mee den Arbitter huet dunn no enger halwer Minutt Ofstous ginn. Keen huet daat verstan....an sou ass ët 0-0 an d'Paus gaang.

An der 2. Halschent war de Match bessi méi op an sou hunn sech och bessi méi Offensivaktiounen gebueden. Déi besser waren op Eller Säit. No passe-en-retrait, Fräistouss a Corner, mir konnten 3 gudd Goalchancen nët notzen. Déi lescht Véirelstonn koum den FCPR méi oft virun eise Goal ouni awer wierklich geféierlich ze sinn. An der 85. Minutt hunn sie een Ugrëff gudd ausgespillt an konnten mat 1-0 a Féierung goën. Mir hunn nach eemol alles no vir gehäit an sollten an der 89. Minutt och belount ginn. No engem wäiten Ball op den 2. Poto krut den Rick Schlesser de Ball an hien spillt fest an d'Mëtt wou de Paul Wilwerding richteg stung fir zum 1-1 Endstand eranzeschéissen. Alles an allem ee gerecht Resultat, och wann Ell déi besser Goalchancen haat, kënne mir zefridden sinn nach an de leschte Minutten ausgeglach ze hunn.

De Goal fir Ell huet geschoss:

1x Paul Wilwerding

01/09/2014 - Coupe de Luxembourg - 1. Tour

SC ELL     -     FC Mertig          1 - 0 n.V. (0-0)

        

Eis 1. Equipe gewënnt mat 1-0 an der Verlängerung am 1. Tour vun der Coupe de Luxembourg géint Mertzig. Déi éischt 15 Minutten huet Mertzig eis Equipe stark ënner Drock gesat, mee lues a lues hunn mir eis drop agestalt an sinn sou besser an de Match komm. Mertzig haat sëcherlich méi de Ball awer ouni vill Goalchancen erauszespillen. Kuerz virun der Halschent konnt de Goalkeep vu Mertzig de Ben Schaf am 16-Meter just mat enger Noutbrems stoppen a krut déi roud Kaart. Hei war d'Chance fir mat 1-0 a Féierung ze goën, mee de Paul Wilwerding huet den Elëfmeter lanscht geschoss an sou ass ët mat engem 0-0 an d'Paus gaang. An der 2. Halschent war de Match ausgeglach. Ell haat ee Potoschoss an och nach eng weider gudd Goalchance an Mertzig weider keng Goalchancen mee vill Fräistéiss a Corneren. An der leschter Minutt vum Match ass de Pol Reckinger an ee Spiller vu Mertzig mat de Käpp aneneen geknuppt an sie hunn allenzwee missten behandelt ginn. De Pol Reckinger haat eng Platzwonn iwert dem Aan, mee hien konnt weider spillen. De Spiller vu Mertzig haat eng gréisser Platzwonn um Kapp an huet missen ophaalen an mat der Ambulanz an d'Klinik gefouert ginn. Duerno huet Mertzig missen zu 9 weiderspillen wëll sie schon dräimol gewieselt haaten. An der Verlängerung war Ell dunn kloer am Virdeel mee mir hunn eis nach schwéier gedo géint 9 Leit. Schlussendlich huet den Damir Sabotic eis an der 115. Minutt erléist an den 1-0 geschoss. Soumat steet den SC ELL am 2. Tour vun der Coupe de Luxembourg.

De Goal fir Ell huet geschoss:

1x Damir Sabotic

01/09/2014 - Frëndschaftsmatch - Dames

SC ELL     -     R.E.S. Houffalize (B)          7 - 3

              

Eis Dammen gewannen de Frëndschaftsmatch géint d'Equipe vun Houffalize aus der 1ière proviniciale mat 7-3.

D'Goaler fir Ell hu geschoss:

3x Virginie Godefroid

2x Logane Wegnez

1x Patrice Braun

1x Mara Ventura

Dernier match

Prochain match


DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, de 15. August 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Bitburg (D)

     


DAMES II

Frëndschaftsmatch

Donneschdes, den 20. August 2020 um 19:30 Auer zu ELL

   SC ELL   -   FC Atert Bissen

        


SENIORS I

Frëndschaftsmatch (Kiermes)

Sonndes, den 23. August 2020 um 15:30 Auer zu ELL

   SC ELL     -     FC Koerich

        


DAMES I

Frëndschaftsmatch (Kiermes)

Sonndes, den 23. August 2020 um 17:30 Auer zu ELL

   SC ELL   -   RUS Loyers (B)

       


DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, den 29. August 2020 um 18:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   Fc Sporting Bertrange

            


SENIORS I

1. Championnatsmatch

Sonndes, den 30. August 2020 um 16:00 Auer zu Biekerech (Stade Maemerich)

Fc Beckerich   -   SC ELL

       


SENIORS I

2. Championnatsmatch

Sonndes, de 6. September 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Pratzerthal-Redange

            


DAMES I

1. Championnatsmatch

Samschdes, den 12. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL    -    Fc Mamer 32

      


DAMES II

1. Championnatsmatch

Samschdes, den 12. September 2020 um 19:00 Auer zu Dikrech (Parc des Sports, synth.)

YB Diekirch II   -   SC ELL

       


SENIORS I

3. Championnatsmatch

Sonndes, den 13. September 2020 um 16:00 Auer zu Eschduerf (Stade um Quatre-Vents)

Racing Heid.-Eschdorf  -  SC ELL

                       


DAMES I

2. Championnatsmatch

Samschdes, den 19. September 2020 um 19:00 Auer zu Wuermer (Am Ga, synth.)

Ent. Wormeldange   -   SC ELL

                


DAMES II

2. Championnatsmatch

Samschdes, den 19. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL  -  Red Star Merl-Belair

      


SENIORS I

4. Championnatsmatch

Sonndes, den 20. September 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  US Rambrouch

      


DAMES I

3. Championnatsmatch

Samschdes, de 26. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL   -   Ent. Rosport/USBC I

           


DAMES II

3. Championnatsmatch

Samschdes, de 26. September 2020 um 19:00 Auer zu Bissen (ZAC Klengbousbierg 2, synth.)

Fc Atert Bissen  -  SC ELL

          


SENIORS I

5. Championnatsmatch

Sonndes, de 27. September 2020 um 16:00 Auer zu Colmer-Bierg (Stade Grand Duc Henri)

AS Colmar-Berg  -  SC ELL

           


DAMES I

4. Championnatsmatch

Samschdes, den 3. Oktober 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Boy Konen)

Ent. Itzig/CeBra I  -  SC ELL

           


DAMES II

4. Championnatsmatch

Samschdes, den 3. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Ent. USBC/Rosport II

        


SENIORS I

6. Championnatsmatch

Sonndes, de 4. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   US Reisdorf

      


SENIORS I

7. Championnatsmatch

Sonndes, den 11. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu Wëntger (Stade Henri Lamborelle)

AS Wincrange  -  SC ELL

       


DAMES I

5. Championnatsmatch

Mëttwochs, de 14. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL    -    Sporting Bertrange

            


DAMES II

5. Championnatsmatch

Mëttwochs, de 14. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu Rëmeléng (synth.)

US Rumelange  -  SC ELL

      


DAMES I

6. Championnatsmatch

Samschdes, de 17. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu Nidderkuer (Terrain 2, synth.)

Progrès Niederkorn  -  SC ELL

                   


DAMES II

6. Championnatsmatch

Samschdes, de 17. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Sporting Mertzig

        


DAMES I

7. Championnatsmatch

Samschdes, de 24. Oktober 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Camille Polfer)

RFCU Luxembourg  -  SC ELL

                  


DAMES II

7. Championnatsmatch

Samschdes, de 24. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Wiltz 71

   


SENIORS I

8. Championnatsmatch

Sonndes, de 25. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Orania Vianden

     


DAMES I

8. Championnatsmatch

Freides, den 30. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   Fc Swift Hesperange

           


SENIORS I

9. Championnatsmatch

Samschdes, den 31. Oktober 2020 um 18:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Jeunesse Gilsdorf

          


DAMES I

9. Championnatsmatch

Samschdes, de 7. November 2020 um 19:00 Auer zu Betebuerg (Stade Municipal, synth.)

SC Bettembourg   -   SC ELL

             


DAMES II

8. Championnatsmatch

Samschdes, de 7. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  CS Fola Esch II

    


SENIORS I

10. Championnatsmatch

Sonndes, den 8. November 2020 um 16:00 Auer zu Pärel (Terrain Centre Culturel)

Les Ardoisiers Perlé  -  SC ELL

                   


DAMES I

10. Championnatsmatch

Samschdes, de 14. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    CS Fola Esch I

       


DAMES II

9. Championnatsmatch

Samschdes, de 14. November 2020 um 16:30 Auer zu ELL

   SC ELL    -    YB Diekirch II

     


SENIORS I

11. Championnatsmatch

Sonndes, de 15. November 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   US Folschette

      


DAMES I

11. Championnatsmatch

Samschdes, den 21. November 2020 um 19:00 Auer zu Dikrech (Parc des Sports, synth.)

YB Diekirch I   -   SC ELL

      


DAMES II

10. Championnatsmatch

Samschdes, den 21. November 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Josy Barthel II, synth.)

Red Star Merl-Belair  -  SC ELL

                


SENIORS I

12. Championnatsmatch

Sonndes, den 22. November 2020 um 16:00 Auer zu Méchela (Terrain in der Ae)

CS Bourscheid  -  SC ELL

        


DAMES I

12. Championnatsmatch

Samschdes, den 28. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Jeunesse Junglinster

             


DAMES II

11. Championnatsmatch

Samschdes, den 28. November 2020 um 16:30 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Atert Bissen

        


SENIORS I

13. Championnatsmatch

Sonndes, den 29. November 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  GB Harlange-Tarchamps

           


DAMES I

13. Championnatsmatch

Samschdes, de 5. Dezember 2020 um 19:00 Auer zu Wëntger (Stade Henri Lamborelle)

AS Wincrange   -   SC ELL

        


DAMES II

12. Championnatsmatch

Samschdes, de 5. Dezember 2020 um 19:00 Auer zu Bäerdref (Terrain Maartbësch)

Ent. USBC/Rosport II  -  SC ELL

                  


Août 2020
DLMaMeJVS
1
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
3031

Voir le planning