News
Article wort.lu Dames - 1ière journée:
http://www.wort.lu/fr/sport/football-bettembourg-c-est-du-solide-54154fd1b9b3988708064ad3
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
SC ELL - Racing Troisvierges 4 - 0

Eis 1. Equipe huet an 7 Deeg zweemol géint Ëlwen missen untrieden awer an der Coupe hunn mir ët besser gemeet wéi am Championnat. Nom 2-2 am Championnat hunn eis Männer déi Kéier kloer mat 4-0 géint Ëlwen gewonn. De Ben Schaaf konnt eis schons an der 7. Spillminutt mat 1-0 a Féierung bréngen. An der 20. Spillminutt war ët de Guillaume Lecomte den op 2-0 erhéicht huet. Alles ass gudd gelaf bei eiseer Equipe a mir sinn mat dësem Virsprong an d'Paus gaang.
An der 2. Halschent huet Ëlwen sech méi investéiert ouni awer wierklich geféierlich ze sinn. Ell huet sech gudd Chancen erausgespillt, mee konnt de Match awer nach net entzescheeden. No engem Foul um Max Berg am 16-Meter huet de Paul Wilwerding an der 64. Minutt mam Elëfter fir d'Entscheedung gesuergt. An der 74. huet de Mich Lopes op 4-0 erhéicht. Déi lescht Véirelstonn hunn mir ët dunn méi lues ugoën gelos an Ëlwen haat nach puer Goalchancen, déi eise starke Goalkeep Pol May gehal huet oder sie verschoss hunn. Soumat steet ELL am drëtten Tour vun der Coupe de Luxembourg.
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
1x Ben Schaaf
1x Guillaume Lecomte
1x Paul Wilwerding
1x Mich Lopes
AS Wincrange - SC ELL 4 - 5

Eis Dammen gewannen hiren éischte Championnatsmatch mat 5-4 zu Wëntger. Och dëst Joër ginn d'Nerven vun eisen Supporter net geschount, 1-0 hannen no 5 Minutten an 2-0 hannen no 8 Minutten. Duerno konnte eis Dammen awer séier 2-1 verkiezen duerch d'Virginie Godefroid an der 15. Spillminutt an souguer nees ausgläichen 2-2 duerch d'Logane Wegnez an der 22. Spillminutt. Vun elo un waren mir och besser am Match, mee den nächsten Réckschlag huet net laang op sech warden gelos. Nodeems d'Logane eng éischt giel Kaart krut am Zweekampf mam Goalkeep ëmt de Ball ass hatt, no engem weideren Zweekampf, no enger knapper halwer Stonn mat giel-roud rof gesat ginn....total iwerdriww fir zwee Stiirmerfeeler. Mat engem Spiller manner hunn eis Meedercher gudd dergéint gehal, mee an der 43. Spillminutt konnt Wëntger nach virun der Paus mat 3-2 a Féierung goën.
Eis Equipe huet ëmgestalt an déi 2. Halschent mat engem 3-4-2 gewiesen, dass sie sech nët opginn an zu Wëntger waren fir de Match ze gewannen. Sie hunn an der 2. Halschent de Match souguer dominéiert a konnten sech gudd Goalchancen erausspillen. An der 65. Minutt huet d'Virginie Godefroid zum 3-3 ausgeglach an an der 82. Spillminutt Ell mat sengem drëtten perséinlichen Goal mat 4-3 a Féierung bruecht. Wëntger huet duerno och alles no vir gehäit a konnt duerch ee Fräistouss nees ausgläichen. Ganz batter fir Ell virunallem wëll ët éischtens kee Fräistouss war an zweetens de Goalkeep am 5-Meter gefoult ginn ass. Wéi jiddfereen geduecht huet de Match wier gelaf hunn eis Meedercher awer nach Moral bewiesen a weider no vir gespillt wou d'Conny Kaufmann d'Patrice Braun schéckt an dëst mat voller Roserei de Ball zum 5-4 am Goal ënnerbréngt....wouw waat ee Match. All Respekt fir eis Meedercher wieren hiren iwerragenden Kampfgeescht dëse Match zu 10 nach ze dréinen.
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
3x Virginie Godefroid
1x Logane Wegnez
1x Patrice Braun
FC Walferange - SC ELL 0 - 2

Eis Dames 2 gewannen hiren éischte Championnatsmatch mat 2-0 zu Walfer. No enger schlechter éischter Halschent hunn eis Meedercher déi 2. Halschent besser an de Match fonnt a konnten hier Goalchancen notzen. Den 1-0 duerch d'Adeline Janssens an den 2-0 duerch d'Hannah Ritz hunn de Match zu de Gonschten vun Ell entscheed an daat och verdingt ob Grond vun enger gudder 2. Halschent.
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
1x Adeline Janssens
1x Hannah Ritz
SC ELL - AS Hosingen 2 - 3
Eis 2. Equipe verléiert am 1. Tour vun der Coupe des Seniors Réserves mat 3-2 géint Housen. An engem gudde Match huet Housen de Match dominéiert ouni awer grouss Goalchancen erauszespillen. Eis Jongen hunn gudd dergéint gehal a konnten d'Spannung bis zum Schluss haalen. Leider ass ët awer nët méi duer gaang fir den Ausgläich, mee eis Equipe huet ee gudde Match gemach.
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
1x Jeff Thilmany
1x Dave De Bruyn
Article wort.lu Seniors - 2e journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
SC ELL - Racing Troisvierges 2 - 2

Eis 1. Equipe muss och am 2. Championnatsmatch mat engem Gläichspill liewen. No enger schlechter éischter Halschent luchen mir mat 2-0 (22' an 43') hannen. Ëlwen haat nëmmen dräi Goalchancen, dovun waren der awer zwou dobannen a mir hunn eis Chancen nët genotzt. Um Ufank vun der 2. Halschent haat Ëlwen direkt nach eng gudd Goalchance, mee eise Goalkeep huet dem Stirmer am 1 géint 1 de Ball vum Fouss gehol. Duerno war ët awer ee ganz anert Bild wéi déi éischt 45 Minutten. Mir waren vill méi aggressiv an den Zweekämpf an de Ball ass och gelaf. Vun elo un hu mir de Match dominéiert a konnten eis gudd Goalchancen erausspillen, déi mir allerdings nach nët konnten notzen. An der 60. Spillminutt war dunn souwäit a mir konnten duerch de Paul Wilwerding op 1-2 verkierzen. Weider hu mir Drock gemeet. An der 85. Minutt huet de Arbitter op den Punkt gewiesen nodeems den Max Berg am 16-Meter gefoult gi war. De Paul Wilwerding verwandelt den Elëfter zum 2-2. Weider hunn mir probéiert nach den ee Goal ze schéissen, mee ët sollt nët méi sinn. Mir hätten de Match kéinten gewannen, mee nom 0-2 musse mir mat 1 Punkt zefridden sinn.
D'Goaler fir den Ell huet geschoss:
2x Paul Wilwerding

