News
SC ELL - RES Witry (B) 16 - 0

Den FC Perlé haat d'Dammenequipen vun ELL a vun Witry agelued fir op Kiermes-Méindeg ee Frëndschafts zu Pärel ze spillen. Eis Meedercher waren Witry an allen Beräicher iwerleen a gewannen mat 16-0 géint Witry aus der 1ière Provinciale aus der Belge.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
7x Logane Wegnez
2x Emma Thill
2x Agata Rabczewska
2x Patrice Braun
1x Virginie Goedfroid
1x Mara Ventura
1x Nora Karger
Article wort.lu Seniors - 3ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
AS Colmarbierg - SC ELL 0 - 2

Eis 1. Equipe gewënnt mat 2-0 géint Colmarbierg. Mir hunn direkt gudd ugefang an de Ball gudd laafen gelos. An der 14. Spillminutt konnte mir a Féierung goën. Den Ben Schaaf huet vun 16 Meter ofgezunn an de Ball ass am Wenkel an de Filet gaang. Weider ware mir gudd am Match hunn de Ball an den eegenen Reien gehal. Déi lescht 10 Minutten vun der éischter Halschent ass Colmarbierg dunn besser an de Match komm a konnten méi geféierlech ginn.
An der 2. Halschent haate mir um Ufank eis Problemer. Colmarbierg ass direkt komm a mir konnten op eise Goalkeep zielen fir de knappen Virsprong ze behalen. An der 55. Minutt huet de Pol May ass dunn nach eemol gerett. Hien paréiert een Elëfter an hällt och den Noschoss. Vun elo un ware mir nees bessi méi wakreg, mee Colmarbierg huet eis ënner Drock gesat. Erlichterung an der 80. Minutt wéi mir mat engem properen Ugrëff den 2-0 schéissen; de Max Berg servéiert den Paul Wilwerding, den zum 2-0 eranschéisst. Duerno huet Colmarbierg nach eemol alles probéiert mee mir hunn näischt méi zou gelos a huelen no zwee Gläichspiller och den éischten 3er fir dëss Saison.
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
1x Ben Schaaf
1x Paul Wilwerding
Article wort.lu Dames - 2ième journée:
http://www.wort.lu/fr/sport/football-bettembourg-ou-la-jeunesse-au-pouvoir-541e9824b9b3988708068cdb
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
https://www.facebook.com/#!/groups/30655683675/?fref=ts
SC ELL - FC Itzig 0 - 0

Mat engem Punkt trennen sech eis Dames I vun Itzig. Eis Dammen hunn déi éischt Halschent kloer dominéiert an haaten puer Geleenheeten fir ze markéieren. Déi kloerst hat d'Jill De Bruyn, mee de Goalkeep vun Itzig konnt de Ball aus kuerzer Distanz paréieren. Bei weideren gudden Aktiounen huet ëmmer bessi eppes gefeelt fir de Ball eran ze kréien. An der 2. Halschent ass Itzig besser an de Match komm awer ouni wierklich geféierlech ze sinn. Eis Meedercher haaten weider gudd Offensivaktiounen, mee mir hunn ët verpasst a Féierung ze goën. Ganz zum Schluss war mir nach bal bestroft ginn wéi Itzig eemol knapp lanscht schéisst an duerno eise Goalkeep, d'Marie Guillaume, ee Ball gudd paréiert.
SC ELL - E Hobscheid/Koerich 3 - 2


Eis Dames 2 gewannen och hiren 2. Championnatsmatch an daat mat 3-2 géint Entente Äischdall/Koerich. Och wann eis Meedercher mat 2-1 an der Halschent hannen luchen, war d'Hoffnung do fir dësen Match nach fir sech ze entscheeden. Den Ausglach duerch d'Adeline Janssens huet eis Meedecher nach eemol Energie ginn fir kuerz virun Schluss den 3-2 ze schéissen. Hei huet d'Agata Rabczewska mat sengem 2. Goal an dësem Match fir d'Victoire gesuergt.
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
2x Agata Rabczewska
1x Adelinge Janssens
Article wort.lu Seniors - 2e tour Coupe de Luxembourg:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
