News
Jeunes Filles
2. Championnatsmatch
AS Wincrange - E Atertdaul II - reporté

De Match ass verluecht ginn.
2. Championnatsmatch
E Atertdaul I - E Fola Esch 15 - 0

D'Goaler fir den Atertdaul huet geschoss:
6x Kate Thill
2x Hanna Thill
2x Sandra Alves
1x Mara Ventura
1x Mara Boly
1x Amielle Jeanpaul
SC ELL - SC Bettembourg 3 - 3

An engem gudde Match trennen sech eis Dammen mat 3-3 vu Betebuerg. No 18 Minutten konnt Betebuerg mat hirer éischter Goalchance mat 1-0 a Féierung goën. No engem Deckungsfeeler stung d'Spillerin vu Betebuerg alleng virum Goal an huet onhaltbar ran geschoss. Eis Equipe konnt awer séier nees ausgläichen. An der 22. Minutt ass de Fräistouss vun 30 Meter vum Mara Ventura ënnert d'Lat ran gaang. Duerno haat eis Equipe bessi méi vum Spill an haat Pech beim Kappball vum Isa Kruchten deen op d'Lat geet an bei enger Passe an d'Mëtt wou keen Eller drun komm ass. Mat dësem Resultat ass ët och an d'Paus gaang.
Déi 2. Halschent huet gudd fir déi Eller Dammen ugefaang. D'Logange Wegnez konnt sech géint 3 Verteidiger duerchsetzen a schéisst an der 47. Minutt zum 2-1 fir Ell eran. Eng weider gudd Geleenheet haate mir nees no engem Fräisstouss wou de Goalkeep de Ball nach just konnt widert d'Lat drécken. An der 64. Spillminutt konnt Betebuerg nees ausgläichen. Och sie schéissen ee Fräistouss vu wäit ënnert d'Lat eran. An der 75. Minutt konnt Betebuerg mat 3-2 a Féierung goën. Bei engem Corner waren mir nët no genuch beim Géigener an sou konnt Betebuerg de Ball erankäppen. 10 Minutten virun Schluss war ët nees den Ausgläich vun Ell. D'Mara Ventura schéisst ee Fräistouss vun 18 Meter anhaltbar an de Wenkel. De Match war nach nët gelaf. Bäid Equipen haaten nach Chancen, déi bescht war allerdings op der Säit vu Betebuerg. D'Nora Karger huet nach eemol op der Linn gerett. Alles an allem ass daat Gläichspill gerecht.
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
2x Mara Ventura
1x Logane Wegnez
Ënnert de villen Zuschauer war och de Fernseh vun RTL. De Reportage vum Match ass an der Emissioun Goal gewiesen ginn. Hei fann Dir de Link falls dir ët verpasst hudd:
http://tele.rtl.lu/emissiounen/goal/3021167.html
E Hosingen - SC ELL 2 - 0

Eis Dames 2 verléieren mat 2-0 zu Housen. Bis zur 80. Minutt stung ët nach 0-0 mee duerno konnt Housen no engem individuelle Feeler a Féierung goën an kuerz drop och den 2-0 schéissen. Alles an allem wär ee Gläichspill gerecht gewiecht.
SC ELL - US Reisdorf 2 - 0

Eis 2. Equipe gewënnt den 3. Championnatmatch mat 2-0 géint Reisdorf. De Match war an der éischter Halschent relativ ausgeglach och wann Ell méi de Ball haat. Den Joé Schuh konnt eis Equipe kuerz virun der Halschent mat 1-0 a Féierung bréngen. An der 2. Halschent war Ell awer déi besser Equipe a konnt sech gudd Goalchancen erausspillen. Den 2-0 an der 72. Minuut duerch de Sam De Bruyn war dunn och d'Entscheedung an eis 2. Equipe bleiwt am Championnat och weider ongeschlo.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Joé Schuh
1x Sam De Bruyn
Article wort.lu Seniors - 4ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
https://www.facebook.com/#!/groups/30655683675/?fref=ts
SC ELL - Olympia Christnach 4 - 3

Eis 1. Equipe gewënnt hiren 4. Championnatsmatch mat 4-3 géint Christnach a bleiwt weiderhin ongeschlo dëss Saison. Eis Jongen hunn direkt gudd ugefaang an Christnach ënner Drock gesat. Dank hirem Goalkeep konnten sie d'Null haalen bis zur 20. Spillminutt. Beim Schoss zum 1-0 duerch vum Joao Lopes war déi Kéier och de Goalkeep geschlo. Weider hu mir gudd no vir gespillt an ët sollt och kuerz drop den 2-0 faalen. No enger Flank vum Ben Schaaf huet de Paul Wilwerding zum 2-0 erangekäppt. Mat dësem Resultat ass ët och an d'Paus gaang.
Direkt no der Paus krut Christnach een Elëfter mat dem sie nees konnten op 2-1 verkierzen an soumat och zeréck an de Match fannen. Déi Eller hu bessi de Fuedem verluer a Christnach koum och zu Goalchancen. An der 61. Spillminutt konnt Ell nees mat 2 Goaler Virsprong a Féierung goën. De Paul Wilwerding schéisst zum 3-1 eran. Wéi dunn de Paul och nach an der 69. Spillminutt den 4-1 schéisst huet jiddfereen geduecht de Match wär gelaf, leider och d'Spiller. Onnéideg hu mir ët nach eemol spannend gemeet. De 4-2 an der 79. Minutt an den 4-3 an der 86. Minutt hunn nach eemol Hektik opbruecht. Schlussendlich gewannen mir awer verdingt mat 4-3.
D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
3x Paul Wilwerding
1x Joao Lopes
Jeunes Filles
1. Championnatsmatch
E Atertdaul II - Alisontia Steinsel 2 - 3

D'Goaler fir den Atertdaul huet geschoss:
2x Sandra Alves
1. Championnatsmatch
E Atertdaul I - SC Bettembourg 8 - 1

D'Goaler fir den Atertdaul huet geschoss:
4x Kate Thill
2x Hanna Thill
1x Mara Ventura
1x Mara Boly
FC Brouch - SC ELL 1 - 2

Eis 2. Equipe gewënnt hiren zweeten Championnatsmatch mat 2-1 géint Brouch. De Pol Reckinger konnt eis no 7 Minutten a Féierung bréngen. An der 60. Minutt war ët den Sam De Bruyn den op 2-0 erhéicht huet. An der 89. Minutt konnt, no engem Selbstgoal, Brouch nach eemol op 2-1 verkierzen, mee duerno sollt näischt méi geschéien an och eis 2. Equipe hëllt hiren éischten 3er fir dëss Saison.
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
1x Pol Reckinger
1x Sam De Bruyn
