News
Article wort.lu Dames - 5ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
FC Mamer - SC ELL 2 - 0

Eis Dames I verléieren fir d'éischt dëss Saion an daat mat 2-0 zu Mamer. Eis Meedercher sinn nët gudd an de Match komm géint eng Equipe déi agressiv an Zweekämpf geet an ëmmer nees mat wäite Bäll no vir spillt. No 10 Minutten konnte mir de Ball nët proper klären an d'Stirmerin vu Mamer huet vun 18 Meter onhaltbar erangeschoss. Duerno sinn mir besser an de Match komm an hunn de Ball besser laafen gelos. Mat gudden Aktiounen iwert d'Säiten sinn mir bei de Goal komm, mee mir kee Goal schéissen. Duerno haate mir och nach Pesch an ee Wäitschoss vum Samiah Poiré geet op de Wenkel. An der 31. Spillminutt konnt Mamer vun engem Feeler am Opbau vun eis profitéieren wou eng Spillerin vu Mamer direkt reagéiert a vun 25 Meter eranschéisst. Weider ass bis zur Halschent net méi vill geschitt. An der 2. Halschent war mir méi kompakt an och méi agressiv an den Zweekämpf. Mir hunn de Match dominéiert konnten eis awer nët vill Goalchancen erausspillen. Bei deenen gudde Bäll haate mir dann Pech oder mir hunn net geschwat; ee super Schoss vum Jill De Bruyn gett vum Réck vum Géigener deviéiert, bei enger Pass-en-retrait koum d'Virginie just nët drun an no enger aner Passe-en-retrait vum Joyce Zinelli hätt d'Virginie missen duerchlaafen lossen fir d'Patrice Braun. Déi 2. Halschent haat eise Goalkeep just ee Ball. D'Reaktioun vun der Equipe an der 2. Halschent war wierklich gudd, mee mir hunn de Wee an de Goal nët fonnt a verléieren mat 2-0 géint Mamer.
SC ELL - E Larochette/Medernach 0 - 7


Eis Dames II verléiren mat 7-0 géint d'Entente Larochette/Medernach I. An der éischter Halschent hunn eis Meederher gudd dergéint gehal an luchen an der Paus mat 1-0 hanne. Kuerz virun der Paus haaten eis Meedercher eng 100% Goalchance fir den 1-1, mee dëss ass net genotzt ginn. Déi 2. Halschent ass dunn denkbar schecht ugaang. Eis Meedercher kruten direkt den 2-0 geschoss a waren komplett aus dem Match. D'Fiels huet dunn profitéiert an nach direkt dräi weider Goaler an den nächste 10 Minutten drop gesat. Duerno haate mir och nach déi eng oder aner Goalchance, mee mir konnten së net notzen wougéint d'Fiels awer nach zweemol getraf huet. No enger ganz gudder éischter Halschent war mir nom séieren Goal an der 2. Halschent total vum Rouleau a verléieren sou mat 7-0.
Article wort.lu Seniors - 6ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
SC ELL - Ruspensia Larochette 4 - 2

Eis 1. Equipe gewënnt mat 4-2 géint d'Fiels. Mir luchen an der Paus mat 1-0 vir duerch ee Goal vum Paul Wilwerding. Mir haaten nach puer gudd Aktiounen, mee ët huet um Ofschloss gehappert. Obschons d'Fiels keng Punkten huet, sinn sie net ze ënnerschätzen. Sie haaten och geféierlich Offensivaktiounen an der éischter Halschent, mee de Pol May huet së all paréiert.
No der Paus huet ët bis zur 65. Minutt gedauert bis Ell den 2-0 fonnt huet. No engem Corner konnt den Yves Gereke den Abpraller eranschéissen. Kuerz drop, an der 69. Spillminutt, huet sech de Charel Heusbourg duerchgesat an konnt am 1. Match no senger Verletzung direkt markéieren. No dësem 3-0 konnt d'Fiels op 3-1 verkierzen. De Paul Wilwerding huet nëmmen 2 Minutten drop den 4-1 geschoss. An der leschter Minutt konnt d'Fiels nach den 4-2 schéissen. Ell huet de Match verdingt gewonn géint eng Equipe déi net sou schlecht ass wéi hier Tabellenplaz.
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
2x Paul Wilwerding
1x Yves Gereke
1x Charel Heusbourg
Article wort.lu Seniors - 5ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
Blo-Wäiss Medernach - SC ELL 2 - 1

Eis 1. Equipe verléiert hiren éischte Match fir dëss Saison mat 2-1 géint Medernach. ELL konnt no 16 Minutten duerch ee Fräistouss vum Paul Wilwerding a Féierung goën. Nëmmen 5 Minutten méi spéit konnt Medernach ausgläichen. An der 2. Halschent konnten eis Männer sech direkt puer gudd Goalchancen erausspillen, mee mir hunn ët verpasst a Féierung ze goën. An der 68. Minutt koum dunn d'Quittung a Medernach konnt mat 2-1 a Féierung goën. Déi Eller hunn nach eemol alles probéiert, mee ët soll näischt méi geschéien. Et war éischter ee schlechte Match vun eiser Equipe; Medernach war déi éischt Halschent besser an ELL sëcherlich déi zweet Halschent, mee ët ass nët duer gaang fir ze punkten.
De Goal fir Ell huet geschoss:
1x Paul Wilwerding
Article wort.lu Dames - 3ième journée:
Paroles des techniciens:
Andrea Fiorani a découvert le foot féminin. Frank Bento et Jean-Claude Kemmer sont heureux des trois points mais s’inquiètent d’un effectif restreint.
Itzig – Mamer 0-1
But de Joëlle Leuchter (70e)
Andrea Fiorani (En remplacement de Jeff Besch malade à Mamer) : « Un succès nettement mérité. On a joué de manière très offensive tout en restant lucide derrière, avec deux arrières centraux. Itzig, équipe aux grands gabarits et solide physiquement, n'a jamais été dangereux, si ce n'est sur corner. Par rapport aux hommes, évidemment le jeu est moins rapide mais j'ai été épaté par le niveau de volonté, d'engagement des filles qui restaient sur deux défaites. »
Canach/Remich-Bous – Lintgen/Boevange 3-1
Buts de Marina Martinez (2) et Sophie Maurer pour Canach/Remich-Bous.
Frank Bento et Sophie Maurer (Canach/Remich-Bous) : « On a dominé le match mais Lintgen est une équipe techniquement forte. On a plus défendu quand le score est passé à 2-1 mais Lintgen ne s’est pas créé de grandes opportunités. Notre banc est malheureusement plus étroit que la saison derninère avec quatre joueuses de moins. Il va falloir faire avec. »
Wincrange - Junglinster 0-3
Buts de Sara Oliveri, Noémie Raths et Bianca Schmitz.
Pedro Cunha (Junglinster) : « Un match agréable. Et le spectacle donné ne peut qu'attirer plus de spectateurs ! Ce samedi soir, Junglinster a été plus régulier dans le jeu et plus équilibré. Mais on peut encore s'améliorer. Le but de Sarah assisté par Hayette est une publicité pour le foot, celui de Noémie aussi. Wincrange a tenté de nous déstabiliser en seconde période mais on est resté solide. Et Bianca avec un bel envoi, a tué le match. »
Ell – Bettembourg 3-3
Buts de Karen Marin, Cathie Martins et Carolina Rodrigues pour Bettembourg.
Daniel Nunes et José Marin (Bettembourg) : « On a encore encaissé deux fois sur coup-franc. Un bon point mérité sur un terrain difficile. Ell a plutôt joué défensivement et en contre. »
Colmar-Berg - Progrès 2-1
But de Melania Morgado (44e) et Lydia Da Silva (85e) pour Colmar-Berg.
Jean-Claude Kemmer (Colmar-Berg) : « Un match très physique pour nous et on savait qu'il fallait être très attentif en défense. On a eu que trois occasions mais on a conscience que l'on ne peut pas les gâcher. Surtout que mon effectif est très limité et que j'ai encore deux ou trois joueuses encore courtes physiquement. Le Progrès n'a pas eu énormément d'occasion non plus même avec un possession du ballon supérieure après la pause. On est très content d'avoir obtenu ces trois points, c'est clair. »
Ligue 2
Aspelt/Dudelange - RFCUL 0-9
Buts de Cathy Da Silva, (3), Bruna Sant'Ana, (2), Juliana Andrade (2) et Senada Ceman.
Gilbert Cocard (Aspelt/Dudelange) : « Avec trois absentes de base, c'est encore plus difficile face une équipe favorite dans la série. »
Steve Senisi (RFCUL) : « Face à Aspelt, c'est souvent un match piège. Notre adversaire a réalisé un pressing durant les 20 premières minutes. Mais à la force de presser, il n'y a plus de jus ! Pour fatiguer encore plus Aspelt, nous avons joué en profondeur avec nos attaquantes bien lancées par le milieu. »
Rosport -Käergeng 12-0
Buts de Katja Schumacher (6), Carol Mohr (2), Sarah Paladino, Tessy Schiltz et Charlotte Ferreira pour Rosport.
Claude Grünewald (Rosport) : «Une vaillante équipe de Käerjeng n'a pas suffi à empêcher un score fleuve. »
Emission GOAL op RTL:
http://tele.rtl.lu/emissiounen/goal/3021167.html
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
https://www.facebook.com/#!/groups/30655683675/?fref=ts
