News

13/10/2014 - 7. Championnatsmatch - Seniors I

AS Hosingen     -     SC ELL          1 - 2

              

Eis 1. Equipe gewënnt mat 2-1 zu Housen. An engem richteg gudde Match konnt eis Equipe sech duerchsetzen. Mir hunn gudd ugefaang an Housen ënner Drock gesat. An der 22. Minutt konnte mir duerch ee Goal vum Ben Schaaf a Féierung goën. Weider hu mir nët vill zougelos an sinn och verdingt mat dësem Virsprong an d'Paus gaang. An der 2. Halschent huet Housen dunn méi offensiv agéiert an huet eis ënner Drock gesat. Sie haate gudd Goalchance, mee de Pol May huet nees ee super Match am Goal gemeet. An der 72. Minutt konnt hien allerdings näischt machen an Housen huet ausgeglach. Nom Goal war Ell nees méi präsent a konnt sech och nees Goalchancen erauspillen. Kuerz drop, an der 76. Minutt, konnte mir dunn och nees a Féierung goën. No enger Passe vum Ben Schaaf op de Mich Lopes huet dësen d'Rou behal an zum 2-1 erangeschoss. Weider haat de Ben och nach d'Geleenheet fir de Match ze entscheeden, mee hien ass um Goalkeep hänke bliwwen. Housen ass an der Schlussphase méi aggressiv an Zweekämpf gaang an do huet den Arbitter puermol missen giel weisen wéinst geféierlichem Spill. Weider sollt awer näischt méi geschéien an Ell klëmmt weider an der Tabell op déi 5. Plaz.

D'Goaler fir Ell hu geschoss:

1x Ben Schaaf

1x Michel Lopes

13/10/2014 - 4. Championnatsmatch - Jeunes Filles

E Atertdaul II   -   Racing Luxembourg          1 - 3

                     

Eis Jeunes Filles 2 huet de Weekend mat 3-1 géint de Racing verluer. Mat enger verstärktener Equipe sinn eis Jeunes Filles ugetrueden wëll eis Jeunes Filles 1 io forfait gewonn haaten. Eis Meedercher hunn gudd dergéint gehal a konnten mat 1-0 a Féierung goën. De Racing haat awer eng Goalchancen no der anerer an konnt de Match och fir sech entscheeden. Ouni d'Verstärkungen wären eis Jeunes Filles allerdings ënner gaang. De Goal fir den Atertdaul huet Marylène Weis geschoss.

E Atertdaul I    -    E Aspelt/Dudelange     3 - 0 ff.

             

Eis Jeunes Filles 1 hu forfait géit d'Entente Aspelt/Dudelange gewonn déi hier Equipe schon zerèck gezunn hunn. Sou war ët méiglech eis Jeunes Filles 2 ze verstärken.

13/10/2014 - 5. Championnatsmatch - Dames I

  SC ELL     -     FC Junglinster          0 - 5

              

Eis Dammen verléieren 5-0 géint Jonglënster. Dëss Saison hunn eis Meedercher einfach keng Chance; immens vill blesséiert Spillerinnen an dëse Weekend koum nees eng derbäi. Eis Equipe huet de Samsden awer gudd ugefaang an stung relativ gudd. An der 16. Minutt sinn mir no engem Fräistouss sinn mir 1-0 hannen komm. Mir waren nët no genuch bei de Leit an sou konnt Jonglënster den 1-0 per Kapp schéissen. Sëcherlich huet Jonglënster de Match dominéiert, mee mir hunn gudd dergéint gehal. An der 30. Minutt koum ët dunn zur Verletzung vum Logane Wegnez, daat sech d'Bänner iwerdeent huet. Dee Moment waren mir zu 10 um Terrain an Jonglënster huet Kapital draus geschlou. Mam 2-0 an der 32. Minutt an dem 3-0 just virum Wiesel an der 37. Minutt war de Match och dunn entscheed. Déi 2. Halschent hunn eis Meedercher awer eng super Astellung gewiesen an hunn sech gudd verkaaf. Mir hunn als Equipe zesummengehal och wann ët schwéier war géint eng Equipe vu Jonglënster an Topbesetzung. Jonglënster konnt awer noleen, sie schéissen den  4-0 an der 64. an den 5-0 an 68. Minutt. Mir haaten och gudd Aktiounen, mee leider haate mir no vir nët genuch Potential fir dëss Chancen ze notzen. De Match hätt och kéinten 6-2 ausgoën, mee daat war de Samsden egal. Mëttlerweil feelen ganzer 8 Spillerinnen (Tania, Kelly, Eunice, Manon, Emma T., Brenda, Logane an Emma S.) an do muss een verstoën, dass ët ganz schwéier ass fir eis Meedercher. Kapp héich an zesummen haalen ass elo Devise, ët kommen och nees besser Zäiten.

13/10/2014 - 4. Championnatsmatch - Seniors Réserves

E Colmarbierg/Ettelbruck   -   SC ELL          0 - 0

               

Eis 2. Equipe spillt 0-0 gläich mat der Entente Colmarbier/Ettelbruck. Eis Jongen haate méi vum Match an hätte de Match kéinten gewannen. Ee Fräistouss vum Cédric Zinelli war hannert der Linn, mee den Arbitter huet daat anescht gesinn. Weider haate mir nach 2 gudd Goalchancen, mee leider konnten mir nët markéieren. Alles an allem war ët ee gudde Match géint den Tabellenéischten a mir kënne mat dësem Punkt liewen.

06/10/2014 - Article wort.lu - Coupe de Luxembourg
Article wort.lu - Coupe de Luxembourg

 

 

Article wort.lu Seniors - 3e tour Coupe de Luxembourg:

http://www.wort.lu/fr/sport/football-diekirch-signe-l-exploit-54326752b9b3988708072866

Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:

https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts

an eiser Facebook Fan-Säit:

https://www.facebook.com/#!/groups/30655683675/?fref=ts

06/10/2014 - Coupe de Luxembourg - 3. Tour

  SC ELL     -     Alisontia Steinsel          0 - 4

              

Eis 1. Equipe ass am 3. Tour vun der Coupe de Luxembourg ausgescheed. Mir verléieren mat 4-0 géint Steesel. Ell huet de Match ganz defensiv ugefaang an huet Steesel d'Spill mache gelos. Mat séieren Konterattacken wollte mir zum Ofschloss kommen. Eng éischte Kéier konnt Ell geféierlech virum Goal vu Steesel optauchen, mee de Charel Heusbourg gouf gerippt, mee den Arbitter huet daat leider nët sou gesinn. Nee enger Fehlpass huet de Stiirmer vu Steesel séier reagéiert an schéisst zum 1-0 fir Steesel ran. Duerno haat Ell zwou weider Chancen déi mir awer net konnten notzen. No engem Corner konnt Steesel dunn mat 2-0 a Féierung goën. Weider haat eis Goalkeep, de Pol May an Max Berg, nach eemol an extremis gerett.

An der 2. Halschent hätt Ell missten verkierzen, mee no engem Foul um Charel Heusbourg am 16 Meter, huet de Goalkeep vu Steesel dem Paul Wilwerding säin Elëfter paréiert. Weider huet Ell alles propbéier, mee huet ëmmer nees missen op déi geféierlech Ugrëffer vu Steesel uecht ginn. Ell huet déi lescht 25 Minutten méi offensiv gespillt wouduerch Steesel och méi Plaz krut. Fir d'éischt haat Ell eng gudd Chance, mee kuerz duerno huet Steesel mam 3-0 fir d'Entscheedung gesuergt. An de leschte Minutten huet Steesel dunn nach de 4-0 drop gesat an Ell soumat aus der Coupe de Luxembourg gehäit.

06/10/2014 - 3. Championnatsmatch - Jeunes Filles

Jeunes Filles

3. Championnatsmatch

Orania Vianden   -   E Atertdaul II   -   reporté

                 

De Match ass verluecht ginn.

3. Championnatsmatch

E Wormeldange     -     E Atertdaul I          0 - 6

                  

D'Goaler fir den Atertdaul huet geschoss:

2x Kate Thill

2x Mara Ventura

1x Vania Nogueira

1x Mara Boly

Dernier match

Prochain match


DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, de 15. August 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Bitburg (D)

     


DAMES II

Frëndschaftsmatch

Donneschdes, den 20. August 2020 um 19:30 Auer zu ELL

   SC ELL   -   FC Atert Bissen

        


SENIORS I

Frëndschaftsmatch (Kiermes)

Sonndes, den 23. August 2020 um 15:30 Auer zu ELL

   SC ELL     -     FC Koerich

        


DAMES I

Frëndschaftsmatch (Kiermes)

Sonndes, den 23. August 2020 um 17:30 Auer zu ELL

   SC ELL   -   RUS Loyers (B)

       


DAMES I

Frëndschaftsmatch

Samschdes, den 29. August 2020 um 18:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   Fc Sporting Bertrange

            


SENIORS I

1. Championnatsmatch

Sonndes, den 30. August 2020 um 16:00 Auer zu Biekerech (Stade Maemerich)

Fc Beckerich   -   SC ELL

       


SENIORS I

2. Championnatsmatch

Sonndes, de 6. September 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Pratzerthal-Redange

            


DAMES I

1. Championnatsmatch

Samschdes, den 12. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL    -    Fc Mamer 32

      


DAMES II

1. Championnatsmatch

Samschdes, den 12. September 2020 um 19:00 Auer zu Dikrech (Parc des Sports, synth.)

YB Diekirch II   -   SC ELL

       


SENIORS I

3. Championnatsmatch

Sonndes, den 13. September 2020 um 16:00 Auer zu Eschduerf (Stade um Quatre-Vents)

Racing Heid.-Eschdorf  -  SC ELL

                       


DAMES I

2. Championnatsmatch

Samschdes, den 19. September 2020 um 19:00 Auer zu Wuermer (Am Ga, synth.)

Ent. Wormeldange   -   SC ELL

                


DAMES II

2. Championnatsmatch

Samschdes, den 19. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL  -  Red Star Merl-Belair

      


SENIORS I

4. Championnatsmatch

Sonndes, den 20. September 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  US Rambrouch

      


DAMES I

3. Championnatsmatch

Samschdes, de 26. September 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL   -   Ent. Rosport/USBC I

           


DAMES II

3. Championnatsmatch

Samschdes, de 26. September 2020 um 19:00 Auer zu Bissen (ZAC Klengbousbierg 2, synth.)

Fc Atert Bissen  -  SC ELL

          


SENIORS I

5. Championnatsmatch

Sonndes, de 27. September 2020 um 16:00 Auer zu Colmer-Bierg (Stade Grand Duc Henri)

AS Colmar-Berg  -  SC ELL

           


DAMES I

4. Championnatsmatch

Samschdes, den 3. Oktober 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Boy Konen)

Ent. Itzig/CeBra I  -  SC ELL

           


DAMES II

4. Championnatsmatch

Samschdes, den 3. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Ent. USBC/Rosport II

        


SENIORS I

6. Championnatsmatch

Sonndes, de 4. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   US Reisdorf

      


SENIORS I

7. Championnatsmatch

Sonndes, den 11. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu Wëntger (Stade Henri Lamborelle)

AS Wincrange  -  SC ELL

       


DAMES I

5. Championnatsmatch

Mëttwochs, de 14. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

    SC ELL    -    Sporting Bertrange

            


DAMES II

5. Championnatsmatch

Mëttwochs, de 14. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu Rëmeléng (synth.)

US Rumelange  -  SC ELL

      


DAMES I

6. Championnatsmatch

Samschdes, de 17. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu Nidderkuer (Terrain 2, synth.)

Progrès Niederkorn  -  SC ELL

                   


DAMES II

6. Championnatsmatch

Samschdes, de 17. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Sporting Mertzig

        


DAMES I

7. Championnatsmatch

Samschdes, de 24. Oktober 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Camille Polfer)

RFCU Luxembourg  -  SC ELL

                  


DAMES II

7. Championnatsmatch

Samschdes, de 24. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Wiltz 71

   


SENIORS I

8. Championnatsmatch

Sonndes, de 25. Oktober 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Orania Vianden

     


DAMES I

8. Championnatsmatch

Freides, den 30. Oktober 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   Fc Swift Hesperange

           


SENIORS I

9. Championnatsmatch

Samschdes, den 31. Oktober 2020 um 18:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Fc Jeunesse Gilsdorf

          


DAMES I

9. Championnatsmatch

Samschdes, de 7. November 2020 um 19:00 Auer zu Betebuerg (Stade Municipal, synth.)

SC Bettembourg   -   SC ELL

             


DAMES II

8. Championnatsmatch

Samschdes, de 7. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  CS Fola Esch II

    


SENIORS I

10. Championnatsmatch

Sonndes, den 8. November 2020 um 16:00 Auer zu Pärel (Terrain Centre Culturel)

Les Ardoisiers Perlé  -  SC ELL

                   


DAMES I

10. Championnatsmatch

Samschdes, de 14. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL    -    CS Fola Esch I

       


DAMES II

9. Championnatsmatch

Samschdes, de 14. November 2020 um 16:30 Auer zu ELL

   SC ELL    -    YB Diekirch II

     


SENIORS I

11. Championnatsmatch

Sonndes, de 15. November 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL   -   US Folschette

      


DAMES I

11. Championnatsmatch

Samschdes, den 21. November 2020 um 19:00 Auer zu Dikrech (Parc des Sports, synth.)

YB Diekirch I   -   SC ELL

      


DAMES II

10. Championnatsmatch

Samschdes, den 21. November 2020 um 19:00 Auer an der Stad (Stade Josy Barthel II, synth.)

Red Star Merl-Belair  -  SC ELL

                


SENIORS I

12. Championnatsmatch

Sonndes, den 22. November 2020 um 16:00 Auer zu Méchela (Terrain in der Ae)

CS Bourscheid  -  SC ELL

        


DAMES I

12. Championnatsmatch

Samschdes, den 28. November 2020 um 19:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  Jeunesse Junglinster

             


DAMES II

11. Championnatsmatch

Samschdes, den 28. November 2020 um 16:30 Auer zu ELL

   SC ELL    -    Fc Atert Bissen

        


SENIORS I

13. Championnatsmatch

Sonndes, den 29. November 2020 um 16:00 Auer zu ELL

   SC ELL  -  GB Harlange-Tarchamps

           


DAMES I

13. Championnatsmatch

Samschdes, de 5. Dezember 2020 um 19:00 Auer zu Wëntger (Stade Henri Lamborelle)

AS Wincrange   -   SC ELL

        


DAMES II

12. Championnatsmatch

Samschdes, de 5. Dezember 2020 um 19:00 Auer zu Bäerdref (Terrain Maartbësch)

Ent. USBC/Rosport II  -  SC ELL

                  


Août 2020
DLMaMeJVS
1
2345678
9101112131415
16171819202122
23242526272829
3031

Voir le planning