News
SC ELL - FC Mertzig 2 - 2

Den SC ELL trennt sech mat engem Gläichspill vum FC Sporting Mertzig. Schons no 4 Minutten konnt Mertzig mat 1-0 a Féierung goën. Déi éischt Halschent war Mertzig déi besser Equipe ouni awer vill Goalchancen ze hunn. Op Eller Säit war ët eng schwach 1. Halschent. Dëst soll sech awer no der Paus änneren. Eis Equipe war déi 2. Halschent méi präsent, sie ass méi agressiv an Zweekämpf gaang an huet de Ball besser laafen gelos. De Match war vun elo un ausgeglach, mee leider konnt Mertzig méi Profit draus zéien a schéisst an der 55. Spillminutt den 2-0. Ell konnt awer séier nees verkierzen. No engem Dribbling vum Paul Wilwerding huet hien de Charel Heusbourg ugespillt den zum 1-2 eranschéisst. Puer Minutten duerno fällt dunn och den Ausgläich. No engem Foul vum Goalkeep um Paul huet de Charel den fälligen Elëfter zum 2-2 erangeschoss. Nom Ausgläich war Ell déi besser Equipe a konnt mat gudde Passkombinatiounen no vir spillen. Et lung just un der leschter Pass fir weider gudd Goalchancen erauszespillen. Mertzig haat och nach déi eng oder aner gudd Geleenheet, mee schlussendlich trennen sech déi zwou Equipen mat eng gerechten Remis, Mertzig haat déi besser éischt Halschent an Ell déi besser 2. Halschent.
D'Goaler fir ELL huet geschoss:
2x Charel Heusbourg
FC Pratz./Redange - SC ELL 0 - 2

Eis Dames 2 gewannen den Derby géint de Préizerdaul/Réiden mat 2-0. An engem relativ ausgeglachenen Match konnte eis Dammen hier Goalchancen notzen. An der 1. Halschent war ët d'Hannah Ritz waat eis mat 1-0 a Féierung bruecht huet. An der 2. Halschent konnt d'Samiah Poiré ee Fräistouss zum 2-0 eranschéissen. Am grousse ganzen gouf ët net vill Goalchancen fir bäid Equipen an eis Meedercher hunn awer bessi méi probéiert de Ball laafen ze lossen a waren doduerch awer déi méi geféierlich Equipe.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Hannah Ritz
1x Samiah Poiré
AS Wincrange - E Atertdaul II 1 - 1
a
Den Nohuelmatch vun de JF2 Atertdaul vum 2. Spilldag geet 1-1 gläich aus. An engem gudde Match hu bäid Equipen de Ball gudd laafen gelos. Den Atertdaul haat bessi méi Goalchancen, mee alles an allem ass d'Resultat gerecht.
De Goal fir den Atertdaul huet geschoss:
1x Vania Nogueira
Moien alleguer, den 14. November 2014 ass nees eist traditionnellt Moulenfest vun den Dammenequipen zu ELL.
Fir den Anniversaire offréiert den SC ELL all Gascht 3 amouse-bouches an eng Coupe.
An der Annexe fann dir de Flyer fir d'Umeldung als pdf an als doc. Mellt Iech sou séier wéi méiglech un um Tél. 23620241 oder Handy 621 141406.

- 10e Fête des Moules 2014 pdf - 203 Ko
- 10e Fête des Moules 2014 doc - 355 Ko
E Atertdaul II - AS Wincrange 4 - 3
![]()
D'JF2 vum Atertdaul gewannen mat 4-3 géint Wëntger. Eis Equipe luch mat 3-0 vir, éier Wëntger nach virun der Paus op 3-2 verkierzt. Direkt no der Paus de 4-2 a kuerz virun Schluss de 4-3.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
3x Mara Boly
1x Julie Ottelé
CS Fola Esch - E Atertdaul I 0 - 8

D'JF1 vum Atertdaul setzt sech mat 8-0 géint Fola Esch duerch.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
3x Hanna Thill
2x Mara Ventura
1x Nora Karger
1x Liane Freymann
1x Vania Nogueira
Article wort.lu Seniors - 9ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
https://www.facebook.com/#!/groups/30655683675/?fref=ts
Alisontia Steinsel - SC ELL 0 - 1

Eis Equipe hëllt Revanche nom 4-0 an der Coupe zu Ell a gewënnt mat 1-0 zu Steesel. Eis Equipe war ganz defensiv agestalt an huet Steesel nët an hirer Halschent ugegraf a just probéiet iwer Konter ze spillen. Steesel huet stark ugefang a konnt eis mat sengem Passspill a Bedrängnis bréngen ouni awer 100% Goalchancen erauszespillen. Mir hunn eis awer séier drop agestalt an nët vill an eiser eegeneer Halschent zougelos. Natirlech haat Steesel och mol déi eng oder aner gudd Aktioun, mee dann hunn eis Innenverteidiger oder spéitstens den Goalkeep geklärt. No vir ass nët vill gaang, mee haaten awer déi eng oder aner geféierlich Offensivaktioun déi mir schlecht ausgespillt hunn. An der 30. Minutt war eigentlich de Ball schon geklärt, mee de Paul Wilwerding setzt bei der Réckpass op de Goalkeep no a schlussendlich mëcht de Goalkeep de Feeler an mir kruten een Elëfter zougesprach. De Paul war sech nët secher an huet den Charel Heusbourg schéissen gelos, den zum 0-1 fir Ell eranschéisst. Steesel war iwerrascht an huet ugefaang vill ënnereneen ze maulen. Mir dësem Virsprong ass ët dunn an d'Paus gaang an eis Männer konnten sech bessi erblosen.
Déi 2. Halschent huet Steesel nees mat 100 ugerappt, mee sie konnten d'Lach nët fannen fir ee Goal ze machen. Waat de Match méi laang gedauert huet, waat Steesel méi nervös agéiert huet. Eis hunn huet sech déi eng oder aner Kontergeleenheet gebued, wou mir awre all Kéier de schlechten Choix getraf hunn an sou blouw ët bis zum Schluss ee Kampf. An der leschter Véirelstonn ass ët dunn un d'Kraft gaang, mee eis Zuschauer hunn eis super ënnerstëtzt, sou dass jiddfereen bis zum Schluss geackert huet fir déi 3 Punkten ze kréien. Dëst war den éischte Match deen Steesel dëss Saison verléiert, sëcherlich haaten sie vill méi Ballbesëtz an och méi Chancen, mee Disziplin an eis gudd kämpferisch Astellung stungen dogéint. Respekt fir dëss Leeschtung.
De Goal fir Ell huet geschoss:
1x Charel Heusbourg
SC ELL - FC Useldange 7 - 1

Eis 2. Equipe gewënnt héich mat 7-1 géint Useldeng. Eis Jongen hunn de Match gudd ugefaang an dirket Drock gemeet. Sou konnten mir schon no 13. Minutten mat 1-0 duerch den Sam De Bruyn a Féierung goën. No der éischter Véirelstonn ass Useldeng besser an de match komm a konnt an der 22. Spillminutt ausgläichen. Vun elo un war de Match méi equilibréiert. An der 34. Minutt konnt ELL awer nees a Féierung goën. Ee schéine Ugrëff iwert d'Säit huet den Tiago Marques mam 2-1 ogeschloss. Dëst war och d'Halbzeitsresultat.
Eis Jongen wollten de Match onbedingt gewannen an daat huet een och direkt nees an der 2. Halschent gesinn. Den 3-1 duerch den Jeff Schlink an der 54. Minutt huet de Match entscheed. Direkt drop kruten Ell nach een Elëfter zougesprach den de Jeff awer leider nierft de Goal gesat huet. Nom 4-1 an der 61. Spillminutt duerch den Joé Ferreira huet Useldeng dunn definitiv opginn. Duerno schéisst Ell nach weider dräi Goaler (1x Jeff Schlink, 1x Tiago Marques an 1x Dave De Bruyn) a gewënnt verdingt mat 7-1 géint Useldeng.
D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
2x Jeff Schlink
2x Tiago Marques
1x Sam De Bruyn
1x Joé Ferreira
1x Dave De Bruyn
