News
SC ELL - Racing Troisvierges 3 - 0

Eis Dames 2 gewannen mat 3-0 géint Ëlwen. Séier konnten eis Meedercher mat 1-0 duerch d'Brenda Gousenbourger a Féierung goën. Weider haate mir gudd Chancen fir Goaler ze machen. Ët huet allerdings bis an 35. Minutt gedauert éier d'Lexy Wantz den 2-0 fir Ell schéisst.
An der 2. Halschent haate mir ganz vill Goalchancen, mee mir sinn ëmmer nees um Goalkeep hänken bliwwen. D'Brenda Gousenbourger konnt de Goalkeep awer nach eemol iwerwannen a schéisst den 3-0 fir Ell. Eis Meedercher spillen ee gudde Match a gewannen héich verdingt.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Brenda Gousenbourger
1x Lexy Wantz
Article wort.lu Seniors - 14ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
SC ELL - Jeunesse Gilsdorf 2 - 3

Eis 1. Equipe verléiert mat 3-2 géint Gilsdorf. Mir hunn gudd ugefaang an direkt Drock gemeet a konnten och séier a Féierung goën. An der 10. Minutt huet de Charel Heusbourg eng Flank vum Guillaume Lecomte proper erangekäppt. Nëmmen 2 Minutten duerno war de Paul Wilwerding op 2-0 erhéijen. Weider haate mir nach gudd Goalchancen fir alles kloer ze machen, mee ët koum anescht. Gilsdorf kënnt eemol virun de Goal a kann op 2-1 verkierzen. No dësem Goal hu mir eis Linn bessi verluer an haaten trotzdem nach gudd Goalchancen.
Déi 2. Halschent huet ee gemierkt, dass Gilsdorf sech nët geschlo ginn huet. An der 65. Minutt huet den Arbitter onverständlicherweis dem Pol Reckinger eng giel Kaart ginn a vue que dass hien schon giel haat, huet hien missen rof. Ell huet duerno d'Uerdnung verluer an Gilsdorf konnt profitéieren fir an der 70. Minutt den 2-2 ze schéissen. An der 74. Minutt huet den Arbitter op Elëfmeter entscheed no engem Foul um Charel Heusbourg. Den Elëfter war vum Paul Wilwerding war allerdings schlecht geschoss an de Goalkeep konnt den Elëfter paréieren. An der 82. Spillminutt sollt ët allerdings nach méi schlëm kommen. Nodeems mir de Ball hannen nët dégagéiert hunn, krut Gilsdorf de Ball a konnt zum 2-3 Endresultat eranschéissen.
Daat hei war eng batter Niederlag, nët nëmmen wëll mir an der Paus hätten missen wäit vir sinn, mee mat enger Victoire wieren mir an der Tabell punktgläich mam Zweeten an just 2 Punkten hannert dem Éischten gewiecht. Trotzdem muss ee soën, dass eis Equipe eng gudd Hironn gespillt huet. Weider interessant Zuelen an Detailer fann dir op de Facebook-Säit vum SC ELL https://www.facebook.com/pages/SC-ELL/288304597862192.
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
1x Charel Heusbourg
1x Paul Wilwerding
Alisontia Steinsel - E Atertdaul II 2 - 1

Eis Jeunes Filles 2 verléieren mat 2-1 géint Steesel. Et war ee gudde Match vun eisen JF 2 wann ee bedenkt dass 5 nei Lizenzéierter matgespillt hunn.
De Goal fir den Atertdaul huet geschoss:
1x Sandra Alves
SC Bettembourg - E Atertdaul I 2 - 5

Eis Jeunes Filles 1 gewannen mat 5-2 zu Betebuerg. Eis Meedercher hunn de Match dominéiert an luchen an der Halschent mat 2-0 vir. Am Ufank vun der 2. Halschent sinn weider 2 Goaler gefall fir den Atertdaul. Betebuerg konnt och zweemol markéieren an sinn 4-2 bäikomm éier zum Schluss nach de 5-2 gefall ass.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
1x Hanna Thill
1x Kate Thill
1x Mara Boly
1x Mara Ventura
1x Liane Freymann
Jeunesse Gilsdorf - SC ELL 2 - 2

Eis 2. Equipe spillt 2-2 gläich mat Gilsdorf. An dësem Match huet den 2. géint den 3. gespillt an ët huet gudd fir Ell ausgesinn. No enger gudder 1. Halschent luchen eis Jongen 2-0 vir duerch Goaler vum Tiago Marques an Sam Debruyn. An der 2. Halschent ware mir nët méi sou gudd an Gilsdorf huet de Match an d'Hand gehol a konnt och zwee Goaler schéissen sou dass de Match mat engem gerechten 2-2 ausgeet.
D'Goaler fir Ell hu geschoss:
1x Tiago Marques
1x Sam Debruyn
E Vianden - E Atertdaul II 0 - 1

Eis Jeunes Filles gewannen den Nohuelmatch géint Vianden/Diekirch vum 3. Spilldag mat 1-0 duerch ee Goal vum Vania Nogueira.
SC ELL - YB Diekirch 0 - 1

Eis Dames 2 verléieren mat 1-0 géint Dikkrech. An engem ausgeglachenen Match haaten eis Dammen déi besser Goalchancen, déi sie awer nët konnten notzen. Kuerz virun der Halschent konnt Dikkrech no engem Corner mat 1-0 a Féierung goën. Déi 2. Halschent war Ell och besser mee mir konnten nees zwou 100% Goalchancen nët notzen a verléieren sou de Match.
