News
FLF Futsal Dames - 1. Tour
Resultater:
SC ELL - FC Pratz./Redange 1-1 (1x Virginie)
SC ELL - Orania Vianden 0 - 1
SC ELL - AS Larochette 1 - 2 (1x Virginie)
SC ELL - FC Junglinster 0 - 1
SC ELL - YB Dierkich 2 -0 (1x Mara, 1x Samiah)
SC ELL - FC Aspelt 0 -0
Tabell:
1. FC Jungllinster, 2. Ruspensia Larochette, 3. FC Pratz./Redange, 4. E Aspelt/Dudelange, 5. SC ELL, 6. Orania Vianden, 7. YB Diekirch

5 Equipen sinn an all Grupp weiderkomm an soumat qualifizéieren sech eis Dammen mat vill Chance fir den 2. Tour am FLF Futsal Dames. Dësen gëtt de Weekeng vum 10./11. Januar 2015 gespillt.
9. Wanterlaf - Sonndes, den 4. Januar 2015

De Wanterlaf geet zu Réiden beim Atertlycée fort. Hei ginn ët 3 Distanzen (Parcours) déi een kann laafen oder walken:
6, 10 oder 15 km ---- Running oder Walking

Den Départ fir de Walking ass Moies um 09:15 Auer an den Départ fir de Running ass Moies um 10:00 Auer. Bei dësem Laaf geet ët op der enger Säit ëmt de Spass an awer haaptsächlich fir ee gudden Zweck. Mam Erléis vum Wanterlaf ginn Télévie an Trisomie21 ënnerstëtzt. Den SC ELL mëcht heimat säin jährlichen sozialen Beitrag an bezillt all Participants, den ënnert dem Numm vum SC ELL walking oder running mëcht, d'Startgeld. Daat lescht Joër huet den SC ELL op dësem Event mat bal 100 Leit deelgeho an iwer 600 € fir ee gudden Zweck ginn. Mir sollen och dëst Joër nees zesummen ee schéinen Sonnden Moien mat Kollegen, Frënn a Famill zu Réiden verbréngen an dofir gëllt och nees ..... mellt Iech un!!!
Och dëst Joër gëtt ët nees den Challenge vun der gréisster Equipe bei den Virumeldungen organiséiert. Am Joër 2011 war den SC ELL mat 87 Participantën an 2012 mat 104 Particpantën de Gewënner vun dësem Challenge, 2013 an 2014 ware mir déi Drëtt an dësem Ranking mat 96 respektiv 92 Leit.....an ët ginn jo och 15 Fläschen Schampes dofir!!! :-)
Fir dësen Laf, wiere mir frou wann dir Iech bis spéistens Samsdes, den 20. Dezember 2014 géift umellen beim Mandy Fautsch um 691 900 305 oder per email: fauma-
Kuckt och ënner: http://www.4runner.lu/wanterlaf.htm
Wéi gesoot, dir kannt och aer Kollegen a Famillienmemberen mat umellen, och wann sie keng Lizenz am Fussball hunn. Vill Leit hunn eng Memberskaart an nach aner vill Leit ënnerstëtzen eis och sou am Laaf vum Joër. Heimat ginn mir als SC ELL ee klénge Geste zeréck.
!!! Ze soën bleiwt: All Spiller a Spillerin vum SC ELL muss um Wanterlaf derbei sinn, ob laafen oder walken.



E Atertdaul - Racing Luxembourg 3 - 3

Dëse Sonnden hunn eis jonk Meedercher mat deenen vun de Jeunes Filles vum Atertdaul, gebuer vun 1998-2002 ee Cadettes-Frëndschaftsmatch gespillt um synth. Terrain am Préizerdaul géint d'Equipe vum Racing Lëtzebuerg gespillt. No enger super éischter Halschent, mat schéinem Fussball, luch d'Equipe vum Atertdaul mat 2-1 vir no Goaler vum Mara Ventura an Virginie Godefroid. An der 2. Halschent ass de Ball nët méi sou gudd zirkuléiert. No villen Wiesselene war de Floss bessi raus. Trotzdem hunn d'Meedercher duerch ee Goal vum Nora Goergen den 3-1 geschoss. De Racing konnt kuerz drop verkierzen a kuerz virun Schluss den Ausgläich schéissen. Bäid Equipen hunn ee flotte Match gebueden mat guddem Fussball.
SC ELL - SC Steinfort 5 - 0

Eis Dames 2 gewannen de leschte Virronnematch mat 5-0 géint Stengefort. Eis Meedercher hunn direkt gudd ugefaang a konnten och séier a Féierung goën. Den 1-0 duerch d'Agata Rabczewska ass schon no 10 Minutten gefall. Duerno konnt d'Cynthia Ferreira op 2-0 erhéijen. Virun der Paus hunn och nach d'Hannah Ritz an d'Brenda Gousenbourger getraf. An der 2. Halschent haaten eis Dammen och nach vill Goalchancen, mee mir sollt just nach de 5-0 duerch d'Brenda Gousenbourger schéissen. De Goalkeep vu Stengefort huet ee super Match gemeet, soss wär de Score nach méi héich ausgefall.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Brenda Gousenbourger
1x Agata Rabczewska
1x Cynthia Ferreira
1x Hannah Ritz
Article wort.lu Dames - 9ième journée:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
an eiser Facebook Fan-Säit:
SC ELL - Olympia Christnach 5 - 4

Eis Männer gewannen 5-4 géint Christnach a qualifizéieren sech no engem Krimi fir den 3. Tour vun der Coupe FLF. Alles ass nees gudd ugaang an mir hunn de Ball gudd laafen gelos. No engem Fräistouss vun der Säit vum Paul Wilwerding lësst de Goalkeep de Ball faalen an de Max Berg war zur Platz fir an der 11. Minutt den 1-0 fir Ell ze schéissen. Ell huet dominéiert, ët awer verpasst fir de Score auszebauen. An der 37. Minutt konnt de Charel Heusbourg den verdingten 2-0 fir Ell schéissen. An dunn...., waren eis Jongen schon an der Paus??? Ët huet een op alle Fall gemengt, wëll Christnach konnt innerhalb vun 3 Minutten op 2-2 ausgläichen.
Fir déi 2. Halschent goufen eis Jongen mol eng Kéier wakreg gerësselt. ELL huet nees méi gemeet, mee mir kruten an der 52. Minutt op Konter den 3-2 geschoss. Gott sei Dank hu mir nees séier ausgeglach. Matt enger schéiner Kombinatioun Heusbourg-Wilwerding-Schaaf-Sabotic konnte mir nëmmen 3 Minutten duerno nees duerch den Damir zum 3-3 ausgläichen. An der 73. Spillminutt haat den Dave De Bruyn säin groussen Optrëtt, knapps agewiesselt a mat sengen éischte Ballkontakter, konnt hien eng schéin Flank vum Marc van Zee proper stoppen an duerno zum 4-3 eranschéissen. Top !!! Elo huet jiddfereen geduecht ouf...nach eemol Chance gehaat, mee ët war nach nët riwwer. Christnach konnt an der 81. Minutt nacheemol ausgläichen. No engem Ofstëmmungsproblem teschent dem Goalkeep an dem Verteidiger ass de Ball einfach lanscht gelaf an luch am Goal. Ët koum awer alles beieneen...., mee mir hu jio de Charel Heusbourg. An der 87. Minutt verlängert den Dave de Ball op de Charel an dësen leeft alleng op de Goal fir zum 5-4 eranzeschéissen an duerno ass näischt méi geschitt. Eis 1. Equipe schléisst d'Hironn mat engem positiven Resultat of an de Recht gesinn mir no der Wanterpaus :-)
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Charel Heusbourg
1x Max Berg
1x Damir Sabotic
1x David De Bruyn
SC ELL - E Canach/Remich-Bous 4 - 1
![]()
Eis Dames 1 gewannen mat 4-1 géint d'Entente Canach/Remich-Bous an huelen dräi wichteg Punkten am leschten Match vun der Hironn. No 50 Sekonnen stung ët 1-0 fir ELL. D'Mara Ventura iwerdribbelt d'Ofwier a schéisst zum 1-0 eran. Nëmmen 1 Minutt duerno haate mir d'Chance fir den 2-0, mee dëss konnte mir nët notzen. No 5 Minuten fällt den 1-1. No engem Stellungsfeeler an der Ofwier konnt d'Stiirmerin vu Kanech alleng op de Goal laafen an zum 1-1 eranschéissen. Duerno si mir 10 Minutten geschwomm an Kanech haat 3 super Goalchancen wou mir am leschte Moment konnte klären. Duerno hu mir eis nees bessi gefaang an haaten de Match am Grëff, allerdings huet een missen op déi laang Bäll vu Kanech op hier séier Stiirmerin oppassen. An der 35. Minutt verpasst d'Mara Ventura ganz knapps de Goal no enger super Pass vum Joyce Zinelli. Hatt mëcht daat awer nëmmen 2 Minutten duerno nees gudd an schéisst den 2-1 fir Ell. Dëse Goal war ee Copy-Paste vum éischte Goal.
An der 2. Halschent huet Ell bessi ëmgestalt an d'Ofwier nees méi stabiliséiert. Vun elo un haat Kanech nët méi vill an Ell huet de Match dominéiert. No engem Foul am 16-Metter um Emma Thill an der 52. Spillminutt huet d'Conny Kaufmann den Elëfter souverän zum 3-1 erangeschoss. Duerno huet Kanech bessi méi probéiert sou dass Ell vir méi Raum krut an och gudd Goalchancen konnt erausspillen. No engem Dribbling spillt d'Joyce Zinelli d'Emma Thill schéin fräi daat alleng op de Goal geet an zum 4-1 eranschéisst. 63 Minutten waren gespillt an de Match war entscheed. Weider haate mir nach puer super Bäll, mee d'Passe-en-retrait oder de Goalschoss waren ze ongenau oder Marina Martinez konnt klären. Alles an allem gewënnt ELL verdéngt a konnt sou Revanche u Kanech huelen.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Mara Ventura
1x Conny Kaufmann
1x Emma Thill
