News
Article wort.lu Dames - 12ième journée:
http://www.wort.lu/fr/sport/football-dames-le-cebra-proche-de-la-ligue-1-5517baed0c88b46a8ce5662a
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
an eiser Facebook Fan-Säit:
SC ELL - AS Hosingen 1 - 2

De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Lecomte Guillaume
SC Bettembourg - E Atertdaul I 1 - 7

D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
4x Kate Thill
1x Marylène Weis
1x Hanna Thill
1x Mara Boly
E Atertdaul II - spillfräi

D'Resultater an Taballen vun de Jeunes Filles fann dir op www. fussball-lux.lu. Gidd bei Jeunes Filles an 2. Runde Gruppe A an Gruppe B.
SC ELL - FC Mamer 1 - 2

Eis Dames 1 verléieren onglécklech mat 2-1 géint Mamer, den Tabellenzweeten. Wéinst villen Ausfäll huet d'Steffi Peller an d'Sarah Cardinali dëse Match ausgehollef. Mir hunn och gudd ugefaang an haaten déi eng oder aner gudd Goalaktioun. Eis Equipe konnt duerch d'Mara Ventura mat 1-0 a Féierung goën. Mamer haat an der éischter Halschent zwee Goalschëss, den éischte Schoss geet just lanscht an den zweete war den Ausgläich virun der Paus. Déi éischt 45 Minutten war Ell déi besser Equipen. An der 2. Halschent ass Mamer méi stark ginn an huet de Match dominéiert. Mir stungen gudd an hu probéiert iwer Konter geféierlich ze sinn. Mamer konnt dunn eng vun hiere Chance notzen an mat 2-1 a Féierung goën. An der Schlussphase war Ell nees méi offensiv an huet den Ausgläich verpasst. Eng super Aktioun iwert d'Säit vum Joyce Zinelli daat de Ball proper an d'Mëtt bréngt wou d'Emma Thill schéisst mee de Goalkeep vu Mamer de Ball nach konnt paréieren. Eis Dammen verléieren, mee sie haaten ee Punkt verdingt. D'Meedercher hu super gekämpft an d'Sarah an Steffi waren eng gudd Ënnerstëtzung, hinnen zwee ee grousse Merci (villäischt hëllefen sie io nach eemol aus ;-))
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Mara Ventura
SC ELL - FC Erpeldange 1 - 3

De Goal fir ELL huet geschoss:
1x Pit Reckinger
SC ELL - SC Tontelange 1 - 1

Eis Veteranen spillen 1-1 gläich mat eisen belschen Nopperen vun Tonteldange. De Goal fir ELL huet den Eloi Weis geschoss.
Article wort.lu Seniors - 18ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
Ruspensia Larochette - SC ELL 2 - 6

Eis 1. Equipe gewënnt mat 6-2 an der Fiels. Mir hunn de Match och gudd ugefaang ouni awer 100% Goalchancen erauszespillen. De Match war um Ufank nët wierklich Fair-Play an sou koum ët oft zu Ënnerbriechungen an de Arbitter gouf vill gefuerdert. No enger ëmstriddener Situatioun wou een Spiller vun eis um Buedem luch spillt d'Fiels weider, scheckt de Stiermer den zum 1-0 eranschéisst. Sou luch ELL mat 1-0 hannen an der Halschent.
Déi 2. Halschent, sie war knapps un, konnt ELL awer nees ausgläichen. No enger schéiner Passkombinatioun huet de Max Berg zum 1-1 getraf. Kuerz drop krute mir een Elëfter zougesprach. No enger Pass an Déift gouf de Max Berg an de Réck gestouss an de fälligen Elëfter huet den Paul Wilwerding zum 2-1 fir Ell erangeschoss. Weider hu mir Drock gemeet an sou koum ët och um 3-1. Ee Verteidiger ënner Drock wollt eng Réckpass op de Goalkeep machen, mee de Charel Heusbourg ass derteschent gelaf, huet de Goal iwerdribbelt an zum 3-1 fir Ell erangeschoss. Ell huet weiderhin Drock gemeet, awer nach puer gudd Aktiounen nët gudd ausgespillt. Op ee Konter hin huet d'Fiels eng gudd Goalchance, déi fir d'éischt geklärt gouf, dunn awer de Ball dem David Brickler onglécklech widdert den Aarmt fällt. Och hei huet den Arbitter op Elëfmeter entscheed an d'Fiels konnt op 3-2 verkierzen. Ët war awer nët fir laang, no engem schéinen Zesummenspill vum Paul Wilwerding mam Charel Heusbourg huet de Paul zum 4-2 erangeschoss. D'Saach war dunn kloer wéi den Ben Schaaf de 5-2 markéiert an schlussendlich och hien nach zum 6-2 Endstand trefft. Eng ganz gudd 2. Halschent vun eiser Equipe.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Max Berg
2x Paul Wilwerding
1x Charel Heusbourg
2x Ben Schaaf
