News
SC ELL - FC Pratz./Redange 1 - 4

De Goal fir ELL huet geschoss;
1x Paula Gaub
FC Useldange - SC ELL 1 - 3

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Sam De Bruyn
1x Tiago Marques
1x Chris Reckel
Article wort.lu Seniors - 20ième journée:
http://www.wort.lu/fr/sport/football-division-2-parfum-de-fete-a-steinsel-552ccffe0c88b46a8ce57599
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
FC Useldange - SC ELL 3 - 3

Eis 1. Equipe trennt sech mat engem 3-3 géint Useldeng. An engem schwache Match, virunallem déi 1. Halschent, konnt Useldeng mat hierer éischt Chance mat 1-0 a Féierung goën. Ell konnt duerch ee Goal vum Paul Wilwerding nach virun der Paus ausgläichen. Déi 2. Halschent ass direkt gudd ugaang fir ELL. De Max Berg konnt eis mat engem super Schoss 2-1 a Féierung bréngen. Duerno hu mir licht dominéiert mee konnten dëst nët an kloer Goalchancen ëmwandelen. No engem Corner konnt Useldeng nees op 2-2 ausgläichen an vun elo un war de Match nees ausgeglach. Trotzdem konnte mir an der 80 Minutt duerch den Charel Heusbourg nees mat 3-2 a Féierung goën. Duerno hu mir ët verpasst den 4-2 ze schéissen. Eng giel-roud Kaart op eiser Säit an sou hu mir déi lescht 10 Minutten missen zu 10 spillen. Leider krute mir an der 86. Minutt den 3-3 geschoss. Mir haaten nach 2 gudd Goalchancen déi Useldeng konnt ofwieren respektiv mir ze ongenau geschoss hunn.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Paul Wilwerding
1x Max Berg
1x Charel Heusbourg
FC Junglinster - SC ELL 7 - 0

Eis Dammen verléieren mat 7-0 zu Jonglënster. Obschons mir déi 25 Minutten gudd stungen an 2 Goalchancen haaten huet Jonglënster ëmmer besser an de Match fonnt an eis dominéiert. Den 1-0 ass an der 25. Minutt gefall. No engem Ofwierfeeler konnt Jonglënster op 2-0 an der 32. Minutt erhéijen an ee weideren Feeler war gläichbedeitend mam 3-0 just virun der Halschent. Déi 2. Halschent, no enger weider Blessur op eiser Säit, gouf richteg sauer. D'Resultat ass bessi héich ausgefall, mee ët muss een unerkennen dass Jonglënster méi stark war. Onschéin war allerdings d'Norennen vun enger Spillerin 5 Minutten viru Schluss, sie luchen 7-0 vir. Den Arbitter huet nët gezeckt an der Spillerin vun Jonglënster daat d'Joyce Zinelli nogerannt huet mat enger rouder Kaart duschen geschéckt.
SC ELL - FC Wiltz 3 - 0 ff.

Eis Dames 2 huet nët missen spillen wëll Wolz hier Equipe an der Reckronn ofgemellt huet.
SC ELL - FF Norden 02 2 - 4

Eis Equipe verléiert mat 2-4 an der Coupe FLF géint den FF Norden 02, Tabellenéischten an der 1. Divisioun. De Norden huet stark ugefaang an huet vill Drock gemeet. Sou konnten sie och séier mat 1-0 a Féierung goën. Weider haaten sie gudd Chancen mee eise Goalkeep, de Pol May, huet nees bal alles gehal. Kuerz drop konnte mir glécklich zum 1-1 duerch den Cédric Zinelli ausgläichen. Lues awer secher stungen mir besser an bis zur Halschent ass nët méi vill geschitt. Déi 2. Halschent war nët laang um Gaang éier mir konnten mat 2-1 a Féierung goën. De Joel Maia geet enger Réckpass no an de Goalkeep schéisst hien un an de Ball landt am Netz. Den Norden huet an der 58 Min. ausgeglach. No engem Aworf, 20m zeréck wou en eigentlich war, kënnt d'Flank eran an gëtt onhaltbar zum 2-2 erangekäppt. Duerno huet den Norden nees dominéiert, mee mir haaten geleentlich gudd Konteraktiounen. An der 81. Minutt haate mir d'Chance fir den 3-2 mee den sollt nët erangoën. An der 83. Minutt konnt den Norden dunn 3-2 a Féierung goën an nëmmen 2 Minutten duerno mat 4-2. De Match war entscheed, mee ze verhaalen bleiwt déi gudd kämpferisch Astellung vun eiser Equipe an déi exzellent Leeschtung vun eisem Goalkeep.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Cédric Zinelli
1x Joel Maia
