News
Progrès Niederkorn - SC ELL 3 - 1

Eis Dames I verléieren mat 3-1 zu Niederkuer. Direkt zwou Ëmstellung nach éiser de Match ugaang ass wëll eise Goalkeep d'Tania an d'Carlyn nët konnten spillen. Déi éischt Véirelstonn haate mir Problemer an de Match ze kommen, duerno war ELL déi besser Equipe. Mir hunn gudd gespillt an de Ball gudd laafen gelos. Eis Offensivaktiounen hu mir leider nët gudd ausgespillt; déi lescht Pass oder déi falsch Léisung soss wäre mir secher a Féierung gaang. Déi 2. Halschent haate mir och direkt eng 100% Goalchance, déi mir awer leider och nët gnotzt hunn. Wéi dann kommen muss huet Niederkuer an der 70. Minutt mat hierer éischter richteger Goalchance den 1-0 geschoss. Déi lescht 15 Minutten huet eis Equipe mat 3 Leit hannen gespillt, mee leider kruten mir an der 77. Minutt no engem individuellen Feeler den 2-0 geschoss. Ee weideren Feelen, nëmmen 3 Minutten duerno an ët stung 3-0 an de Match war entscheed. Mir konnten an der 88. Spillminutt nach op 1-3 duerch d'Virginie Godefroid verkierzen. Gudd gespillt an awer verluer, ët gëtt ëmmer méi eng no ënnen an dofir mussen demnächst Punkten gehol ginn.
De Goal fir ELL hu geschoss:
1x Virginie Godefroid
FC Bissen - SC ELL 2 - 3

Eis Dames II gewannen mat 3-2 zu Bissen. Nodeems eis Meedercher mat 1-0 hannen luchen konnten sie duerch d'Nora Goergen 1-1 ausgläichen. Nachemol luchen sie mat 2-1 hannen, mee sie hu Moral bewiesen an de Match nach gedréint duerch Goaler vum Marthy Binck an dem Cynthia Ferreira. Tip top Meedercher. Ee grousse Merci och un den Trainerduo déi den Heng Rasqué (Galaconcert vun der Eller Musek) ersaat hunn.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Nora Goergen
1x Marthy Binck
1x Cynthia Ferreira
SC ELL - Ruspensia Larochette 1 - 0

Eis zweet Equipe huet sech 1-0 géint den Verfolger an der Tabell, d'Fiels, duerchgesat. De Match war relativ ausgeglach a bäid Equipen haaten hier Chancen. 15 Minutten viru Schluss konnt den Dave De Bruyn sech duerchsetzen an zum 1-0 eranschéissen. An de leschter Minutt haat d'Fiels nach eng gudd Geleenheet, mee de Kappball ass driwwer gaang. Eis Jongen bleiwen weiderhin op der 3. Plaz an der Tabell mat 4 Punkten Réckstand op den Tabellenéischten.
De Goal fir ELL huet geschoss:
1x David De Bruyn
Article wort.lu Seniors - 21ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
SC ELL - Alisontia Steinsel 2 - 2

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Joel Maia
1x Max Berg
E Atertdaul II - Fola Esch 2 - 3

D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
1x Nora Goergen
1x Sandra Alves
E Atertdaul I - E Wormeldange 3 - 1

D'Goaler fir den Aterdazk hu geschoss:
1x Mara Ventura
1x Kate Thill
1x Mara Boly
D'Resultater an Taballen vun de Jeunes Filles fann dir op www. fussball-lux.lu. Gidd bei Jeunes Filles an 2. Runde Gruppe A an Gruppe B.
SC ELL - FC Lintgen 2 - 3

D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Patrice Braun
1x Virginie Godefroid
