News
US Feulen - SC ELL 3 - 2

Eis 1. Equipe verléiert mat 3-2 zu Feelen. De Match war méi däitlech wéi de Score ët ausseet. No 12 Minutten konnt Feulen no engem schlechten Stellungsspill an der Ofwier mat 1-0 a Féierung goën. An der 30. Minutt kruten mir no engem Ballverloscht den Konter zum 2-0. Dëse Ballverloscht koum no enger Blessur vum Ben Schaaft am Laafen. An der 40. Minutt huet och den Pol Reckinger missen blesséiert ausgewieselt ginn.
An der 2. Halschent huet eis Equipe méi offensiv gespillt an haat déi eng oder aner Offensivaktioun ouni awer wierklich geféierlich ze ginn. De Match war elo relativ ausgeglach, mee den 3-0 an der 70. Minutt huet d'Moral vun den Eller bessi gebrach. Mir konnten an der 85. Spillminutt op 3-1 duerch den Guillaume Lecomte verkierzen an duerno souguer nach den 3-2 an der 92. Minutt schéissen. Dëst war awer alles ze spéit. Mir bleiwen déi 4. an der Tabelle wëll och eis direkt Géigener (Préizerdaul/Réidne an Ëlwen) allebäid verluer hunn. Déi 3. Plaaz ass elo mat 7 Punkten Réckstand nët méi ze kréien.
D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
1x Guillaume Lecomte
1x David Brickler
E Canach - SC ELL 2 - 0

Eis Dames I verléiert mat 2-0 zu Bous géint d'E Canch-Remich/Bous. Eis Dammen dominéieren de Match 85 Minutten a spillen sech 10 super Goalchanchen eraus fir schlussendlich 2-0 ze verléiren. Eis Dammen hunn super ugefaang an haaten an den éischten 15 Minutter 4 100% Goalchancen. Duerno koum eng Véirelstonn wou mir ët ze labber ugaang sinn a Kanech zu senger eenzerger Goalchance bis zur 85. Minutt koum. Déi lescht Véirelstonn vun der éischter Halschent war nees ganz an der Reih, mee och hei hu mir nees gudd Goalchancen leien gelos.
Déi 2. Halschent daat selwescht Bild. Mir kruten den Ball einfach nët an de Goal an sou sinn eis Dammen och bestroft ginn. Een Eelëfter an der 86. Spillminutt fir Kanech huet eist fahrlässigt nët Notzen vu Goalchancen zu Recht bestroft. An der 95. Spillminutt kruten mir dunn op Corner hinn den 2-0 geschoss. Ab der 86. Minutt hu mir zu 10 gespillt wëll d'Joyce Zinelli an och d'Mara Ventura verletzt nët méi konnten weiderspillen.
Racing Troisvierges - SC ELL 1 - 4

Eis Dames 2 gewannen mat 4-1 zu Ëlwen. Eis Meedercher waren och déi besser Equipe a konnt dëst och a Goaler ëmwandelen. No enger 2-0 Féierung konnt Ëlwen nees op 2-1 verkierzen. An der 2. Halschent hunn eis Dammen awer alles kloer gemeet mat zwee weideren Goaler a gewannen héich verdingt. Ee grousse Merci geet och un den Eloi Weis den eis Dammenequipe zu Ëlwen gecoached huet.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
1x Kelly Schuh
2x Paula Gaub
1x Marthy Binck
SC ELL - FC Gilsdorf 2 - 0

D'Haaptaffiche vun dësem Spilldaag bei den Seniors Réserves war sëcherlich de Match teschent dem Tabellenzweeten Gilsdorf an dem Tabellendrëtten SC ELL. Eis 2. Equipe gewënnt de Spëtzematch mat 2-0 an iwerhëllt Gilsdorf an der Tabell an ass elo Zweeten. Déi Eller waren an dësem Match déi besser Equipe och wann keng vun den Equipe sech konnt vill Goalchancen erausspillen. An der 2. Halschent war ët den Joker Joé Ferreira deen den SC ELL op d'Gewënnerstrooss bruecht huet. No senger Awieselung an der 65. Spillminutt huet de Joé direkt mat engem super schéine Goal fir d'1-0 Féierung gesuergt. 10 Minutten virun Schluss huet den Dave De Bruyn op 2-0 erhéicht an de Match war soumat entscheed.
Mat dësem Erfollëg an vue dass mir den leschten Match forfait géint Burschent gewannen kënn den SC ELL sech déi 2. Tabellenplaaz sëcheren an ass elo och offiziell gestiegen an 3. Divisioun bei den Seniors Réserves. Félicitatiounen un all d'Männer an hiere staff, a virun allem Gleckwonsch un den Dave als Trainer an all d'Jongen déi d'ganz Saison dofir gekämpft hunn. Respect !!!
D'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
1x Joé Ferreira
1x Dave De Bruyn
Article wort.lu Seniors - 23ième journée:
Paroles des techniciens:
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
FC Christnach - SC ELL 1 - 2

Eis 2. Equipe gewënnt mat 2-1 zu Christnach.
D\'Goaler fir den SC ELL huet geschoss:
2x Dave De Bruyn
SC ELL - YB Diekirch 4 - 0

Eis 1. Equipe gewënnt mat 4-0 géint Dikkrech. D'Endresultat stung schons an der Halschent fest. Eis Männer hunn ganz gudd ugefaang den de Géigener direkt ënner Drock gesat. Séier ass den 1-0 gefall. No enger schéiner Pass vum Guillaume Lecomte op den Ben Schaaf schéisst dësen an der 6. Minutt zum 1-0 eran. Den 2-0 fällt an der 20. Minutt. No enger super schéin Aktioun wou mir 3 mol an enger Touche spillen schéckt de Paul Wilwerding de Ben Schaaf schéin an d'Lach an hien mëcht ët wéi virdrun an setzt zum 2-0 eran. An der 23. Minutt profitéiert de Charel Heusbourg vun engem Ofwierfeeler an leeft alleng op de Goal, ëmspillt de Goalkeep an schéisst den 3-0. Ee Goalkeepsfeeler war ausschlaggebend fir den 4-0 fir Ell. De Guillaume Lecomte dréint de Corner op de Goal. Dësen Ball gouf vum Goalkeep ënnerschätzt an sou dréckt hien de Bal an den eegenen Goal.
An der 2. Halschent stung Dikkrech besser an eis Equipe huet bessi d'Linn verluer. D'Agressivitéit an de Wëllen vun den éischten 45 Minutten waren nët méi do. De Match war vun elo un ausgeglach a bäid Equipen haaten gudd Goalchancen déi allebäid schlecht ausgespillt hunn. Schlussendlich gewannen mir mat 4-0 a réckelen op déi 4. Plaz an der Tabell no vir.
D'Goaler fir ELL hu geschoss:
2x Ben Schaaf
1x Charel Heusbourg
1x Guillaume Lecomte
