News
SC ELL - AS Wincrange 7 - 1
![]()
Eis Dames 1 gewannen däitlech mat 7-1 géint Wëntger. Och wann eis Dammen no 9 Minutten ee Goal geschoss kruten, hunn sie weider de Ball gudd laafen gelos an konnten sech vill Goalchancen erausspillen. No enger schéiner Aktioun huet d\'Logane Wegnez den 1-1 geschoss. Duerno war ët d\'Virginie Godefroid daat zum 2-1 fir Ell getraf huet. Ee Fräistouss vum Mara Ventura war den 3-1 an virun der Paus huet d\'Logane Wegnez och nach den 4-1 geschoss. Weider haat mir nach 3 super Goalchancen an der 1. Halschent.
Déi 2. Halschent war Ell ëmmer nach kloer iwerleen och wann de Rythmus bessi raus war. An der ... Minutt hu mir een Elëfter verginn an duerno nach weider Chancen. Fir de 5-1 war nees d\'Logane op der richeteger Plaz. D\'Emma Thill huet den 6-1 geschoss an zum Ofschloss huet d\'Logane mat sengem 4. Goal den 7-1 geschoss. Eis Meedercher hunn ee gudde Match gespillt an de Ball gudd laafen gelos. Wëntger haat bis op de Goal nach 2 Goalaktiounen. Sie hunn sech awer nët erginn an hiere Match proper zu Enn bruecht.
D\'Goaler fir den SC ELL hu geschoss:
4x Logane Wegnez
1x Virginie Godefroid
1x Mara Ventura
1x Emma Thill
Eng schwéiwer Saison geet fir eis Dames I op en Enn an d\'Ziel vum Dranbleiwen gouf errecht. Hei d'Ofschlosstabell:
Dames Ligue 1
| Rang | Equipe | Pts | J | G | P | N | p. | c. | Diff. |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| 1 | Jeunesse Junglinster | 43 | 18 | 14 | 3 | 1 | 78 | 16 | 62 |
| 2 | SC Bettembourg I | 43 | 18 | 14 | 3 | 1 | 80 | 35 | 45 |
| 3 | FC Mamer 32 | 33 | 18 | 11 | 7 | 0 | 41 | 26 | 15 |
| 4 | AS Colmarberg | 26 | 18 | 8 | 8 | 2 | 21 | 20 | 1 |
| 5 | ENT Jeunesse Canach/Union Remich/Bous | 25 | 18 | 8 | 9 | 1 | 35 | 44 | -9 |
| 6 | Progrès Niederkorn I | 24 | 18 | 7 | 8 | 3 | 35 | 38 | -3 |
| 7 | ENT Minerva Lintgen/US Boevange/Attert | 23 | 18 | 7 | 9 | 2 | 32 | 47 | -15 |
| 8 | SC Ell I | 19 | 18 | 5 | 9 | 4 | 32 | 47 | -15 |
| 9 | Blo-Wäiss Itzig I | 16 | 18 | 4 | 10 | 4 | 21 | 51 | -30 |
| 10 | AS Wincrange | 8 | 18 | 2 | 14 | 2 | 26 | 77 | -51 |
SC Steinfort - SC ELL 1 - 0

Eis Dames 2 hunn mat 1-0 verluer zu Stengefort. Sie hu missen just zu 11 Meedercher untrieden an hunn sech gudd geschlo. An der éischter Halschent hunn eis Meedercher gudd gespillt an haaten 2 gudd Goalchancen. An der 2. Halschent war mir nët méi sou gudd an hunn ee Goal geschoss kritt. Eis Dammen haaten méi verdingt.
CS Bourscheid - SC ELL 0 - 3 ff.

Eis 2. Equipe gewënnt de leschte Match 3-0 forfait géint den CS Bourscheid. Hei d'Ofschlosstabell:
Réserves Séniors Classe 4 Série 2
| Rang | Equipe | Pts | J | G | P | N | p. | c. | Diff. |
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| 1 | ENT AS Colmarberg/Etzella Ettelbruck | 40 | 18 | 12 | 2 | 4 | 67 | 21 | 46 |
| 2 | SC Ell | 39 | 18 | 12 | 3 | 3 | 44 | 16 | 28 |
| 3 | Jeunesse Gilsdorf | 35 | 18 | 10 | 3 | 5 | 66 | 30 | 36 |
| 4 | AS Rupensia Lusitanos Larochette | 27 | 18 | 8 | 7 | 3 | 48 | 34 | 14 |
| 5 | US Reisdorf | 25 | 18 | 8 | 9 | 1 | 44 | 60 | -16 |
| 6 | FC Brouch | 22 | 18 | 6 | 8 | 4 | 45 | 46 | -1 |
| 7 | Jeunesse Useldange | 20 | 18 | 6 | 10 | 2 | 41 | 61 | -20 |
| 8 | CS Bourscheid | 19 | 18 | 6 | 11 | 1 | 32 | 60 | -28 |
| 9 | Olympia Christnach-Waldbillig | 15 | 18 | 4 | 11 | 3 | 31 | 62 | -31 |
| 10 | FC 72 Erpeldange | 14 | 18 | 4 | 12 | 2 | 36 | 64 | -28 |
Eis Seniors Réserves steigen soumat als Zweeten nees an 3. Divisioun. Tip top Jongen!
Invitatioun
« Fête Fin Saison » SCELL
De Sporting Club ELL invitéiert all seng Memberen, Supporter a Frënn op seng Afschlossfeier "Fête Fin Saison" Sonndes, den 24. Mee 2015 ab 16:00 Auer zu Niederkoulbich am CHALET DES GUIDES (Blockhaus).
Fir Iessen (Poulet an Fierkel), Gedrénks a gudd Stëmmung ass gesuergt. Wëll mir d'Iessen präparéieren lossen an eng Idee mussen hunn wéivill Leit kommen, sollt Dir Iech beim Paul Wilwerding um 621 141406 bis spéitstens den 19. Mee 2015 umellen.
Weider wiere mir frou wann Dir eng Zalot oder Dessert géift matbrengen. Sot hei dem Mandy Fautsch um 691 900 305 Bescheed. Villmools Merci !
Programm:
Ab 16:00 Auer Apéro
Ab 18:00 Auer Iessen
Duerno „open End" J
De Comité vum Fussball seet elo schon all senge Memberen, Supporter a Frënn villmools Merci fir déi formidabel Ennerstëtzung an der laafender Saison !
Article wort.lu Seniors - 24ième journée:
http://www.wort.lu/fr/sport/football-steinsel-retrouve-la-division-1-5551b7000c88b46a8ce591a1
Weider Infos fann Dir och op eiser Facebook-Säit vum SC ELL:
https://www.facebook.com/#!/pages/SC-ELL/288304597862192?fref=ts
an eiser Facebook Fan-Säit:
E Atertdaul I - SC Bettembourg 9 - 3

D'Jeunes Filles 1 vum Atertdaul gewannen mat 9-3 géint Betebuerg. An engem gudde Match waren eis Meedercher séier vir an hunn och de ganzen Match dominéiert a verdingt gewonn.
D'Goaler fir den Atertdaul hu geschoss:
3x Kate Thill
3x Mara Ventura
1x Chiara Bernardo
1x Mara Boly
1x Vania Nogueira
E Atertdaul II - spillfräi

D'Jeunes Filles 2 waren spillfräi.
Opsteiger 2014/2015
Seniors Réserves
SC ELL
2. Equipe vum Sporting Club ELL ass opgestiegen an 3. Divisioun bei de Seniors Réserves. Mam Erfollëg vu leschten Freiden géint den Tabellenzweeten FC Gilsdorf an vue dass mir den leschten Match 3-0 forfait géint den CS Burschent gewannen kënn den SC ELL sech déi 2. Tabellenplaaz sëcheren an ass elo och offiziell gestiegen an d' 3. Divisioun bei den Seniors Réserves.
De Comité félicitéiert all de Männer an hierem Staff, a virun allem Gleckwonsch un den Dave als Trainer an all d'Jongen déi d'ganz Saison dofir gekämpft hunn. Respect !!!

